Zwee Joer duernoLiewenslaange Prisong fir Täter vun déidlechem Ugrëff op Magdeburger Chrëschtmaart

RTL mat AFP
No méi wéi 40 Verhandlungsdeeg ass de Mann hannert dem déidlechen Ugrëff op de Magdeburger Chrëschtmaart zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt ginn.
Den Taleb A. hat am Prozess zouginn, den Ugrëff geplangt ze hunn an och mam Auto gefuer ze sinn, awer net, gezielt Mënschen iwwerrannt ze hunn.
© RONNY HARTMANN/AFP

De Mann, deen den 20. Dezember 2024 mat engem Auto an d'Visiteure vum Magdeburger Chrëschtmaart gerannt war, ass e Freideg zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt ginn. D'Landgeriicht zu Magdeburg huet den 51 Joer alen Taleb A. ënner anerem a sechs Fäll wéinst Mord an a ville Fäll wéinst versichtem Mord schëlleg gesprach.

Zousätzlech gouf e méigleche Sécherheetsarrest ugekënnegt. Ob dësen nom Enn vun der Prisongsstrof a Kraaft trëtt, gëtt zu engem spéideren Zäitpunkt geriichtlech decidéiert.

De Parquet an d'Verdeedegung vun den Affer hate gefuerdert, déi héchst méiglech Strof mat direktem Sécherheetsarrest auszeschwätzen. D'Verdeedegung vum ugekloten Dokter aus Saudi-Arabien hat sech dogéint ausgeschwat.

No der Beweisopnam ass d'Geriicht zur Iwwerzeegung komm, datt den Taleb A. mat engem gelounten Auto iwwert de gutt besichte Magdeburger Chrëschtmaart gerannt ass an dobäi gezielt Visiteuren erfaasst huet. Bei der Dot sinn en néng Joer ale Jong a fënnef Fraen am Alter tëscht 45 a 75 Joer ëm d'Liewe komm.

Méi wéi 300 weider Persoune goufe blesséiert. Nieft de Mordvirwërf gouf den Ugekloten duerfir och wéinst versichtem Mord, geféierlecher Kierperverletzung a schwéierer Kierperverletzung verurteelt.

De Prozess hat am November ugefaangen an huet sech iwwer 40 Verhandlungsdeeg gezunn. D'Geriicht huet méi wéi 100 Zeien, vill Experten a vill Betraffener gehéiert.

Insgesamt hate sech 204 Affer als Nieweklo zesummegeschloss. Aus Plazgrënn gouf de Prozess duerfir an engem speziell ugeluechte Sall ofgehalen.

Den Taleb A. hat am Prozess zouginn, den Ugrëff geplangt ze hunn an och mam Auto gefuer ze sinn. Hien hat awer ofgestridden, gezielt Mënschen iwwerrannt ze hunn.

De Parquet huet him virgeworf, wärend dem ganze Prozess weder Gewëssensbëss nach Asiicht gewisen ze hunn. Wärend dem Prozess soll den Ugekloten iwwerdeems ëmmer nees Verschwörungstheorië vu sech ginn hunn.

Back to Top
CIM LOGO