Reaktioun op HëtztFranséischen Energieversuerger investéiert 80 Milliounen Euro a Klimaanlage fir Schoulen

RTL mat AFP
Nodeems dausende franséisch Schoulen dës Woch wéinst der Hëtzt hu missen zoumaachen, stellt den Energieversuerger EDF 80 Milliounen Euro fir Klimaanlage bereet.
Léierpersonal a Schüler hunn dës Woch an de Klassesäll ënnert der grousser Hëtzt gelidden – eng änlech Situatioun wéi zu Lëtzebuerg.
© ROMAIN GAUTIER/Hans Lucas via AFP

Den ëffentleche franséischen Energieversuerger EDF wëll 80 Milliounen Euro investéieren, fir Schoulen, Crèchen a Maison-relaise mat Klimaanlagen ze equipéieren. Domat sollen d'Institutiounen an Zukunft besser duerch Hëtztwelle wéi déi aktuell kommen.

Vill Schoulen a Frankräich sinn net fir extrem héich Temperature gebaut an hu keng Klimaanlagen.

Wärend der Rekord-Hëtztwell dës Woch hunn dausende Schoule missen zoumaachen. An de Schoulen, déi opbliwwe sinn, hu Léierpersonal a Schüler ënnert der grousser Hëtzt an de Klassesäll gelidden – eng änlech Situatioun wéi zu Lëtzebuerg dës Woch.

Den Donnéeë vun EDF no soll d'Hallschent vum Budget an de Kaf vu méi wéi 100.000 Equipementer fléissen, dorënner Ventilatoren, Waasserdamp-Maschinnen a Klimaanlagen. Bis Enn September 2026 solle méi wéi 10.000 Schoulen, Crèchen a Maison-relaisen domat equipéiert ginn.

Déi aner 40 Milliounen Euro ginn a Form vu Forfaite vun 10.000 Euro pro Ariichtung ausbezuelt. D'Sue si geduecht, fir bis Enn Juni 2027 weider Léisungen ze finanzéieren.

"Well Hëtztwellen eist Land ëmmer méi staark treffen, wollte mir konkret handelen an de Schoulen, Crèchen a Maison-relaisen hëllefen, sech souwuel kuerz- wéi och laangfristeg besser géint d'Hëtzt ze equipéieren", sou den EDF-Direkter Bernard Fontana an engem Communiqué.

Franséisch Gewerkschaften haten en Donneschdeg zu engem Streik opgeruff, fir géint déi, hirer Meenung no, "inakzeptabel Aarbechtskonditiounen" ze protestéieren.

Back to Top
CIM LOGO