
Um AfD-Bundesparteidag gouf e Samschdeg de Parteichef Tino Chrupalla a sengem Amt confirméiert, dat mat insgesamt 70,05 Prozent vun alle Votten. Domadder krut hie manner Stëmmen, wéi nach beim leschte Parteidag virun zwee Joer, wéi hien op 82,7 Prozent komm war. De sächseschen AfD-Politiker ass zanter 2019 Co-President vun der an Deeler rietsextreemer Partei zesumme mat der Alice Weidel, déi och am Amt confirméiert ginn ass. Si krut 81,3 Prozent - virun zwee Joer waren et 79,8 Prozent.
Géigekandidate gouf et eng weider Kéier net.
A senger Ried virum Vott hat de Chrupalla d'AfD als bereet erkläert, fir Regierungsresponsabilitéit z'iwwerhuelen. "Mir wäerte gewannen", sot hie bei der Begréissung vun den Delegéierten. "Villäicht kënne mir geschwë schonn eleng regéieren", sou de Chrupalla mat Hibléck op d'Landtagswalen an Ostdäitschland. D'Alice Weidel huet an hirer Ried um Parteidag de Bundeskanzler Friedrich Merz (CDU) schaarf attackéiert. Hie wier "de Vivladi ënner de Regierungscheffen" a géing "fir all véier Joreszäiten eng Reformannonce" maachen. All Kéier géif hien "zolidd op d'Tromm schloen" an herno géife Verspriechen nees gestrach ginn. Haarden Applaus krut d'Weidel vun den Delegéierten am Sall fir hir Ausso: "Mir wäerte riguréis expulséieren".
De Parteikongress war vu massive Protester begleet ginn, zu deenen ënnert anerem d'Bündnis "Zusammenstehen", den däitsche Gewerkschaftsbond, Fridays for Future an och Kiercheverbänn opgeruff haten. Der Police no, déi mat dausende Beamten am Asaz war, hu sech e Samschdeg de Mëtteg ronn 25.000 Leit u Maniffe géint d'AfD bedeelegt. E Blockage ass den Demonstranten allerdéngs net gegléckt, dat well sëllegen AfD-Delegéiert schonn an der Nuecht an der Erfurter Messehal ukomm waren.