
Am Kader vun der bluddeger Dot mat sechs Doudegen zu Stade an Niedersachsen ermëttelen d'Autoritéiten engem Mediebericht no géint zwee weider Verdächteger. Wéi déi däitsch "Bild" e Freideg bericht, handelt et sech dobäi ëm d'Mamm vum dräi Méint ale Bëbee vum presuméierten Täter an ëm Giedel vum Kand. De 45 Joer ale Papp vum Puppelche war no der Dot festgeholl ginn. En Dënschdeg gouf eng Haftbefeel wéinst sechsfachem Mord géint hien ausgesprach.
"D'Ermëttlunge gi géint allen dräi Tatverdächteg wéinst dem Virworf vu Mord gefouert", huet d'Bild" elo de Parquet vu Stade zitéiert. "Ob a wéi ee Virworf ugeklot gëtt, kann eréischt nom Enn vun den Ermëttlungen decidéiert ginn." Déi presuméiert Bedeelegung vun den zwou Fraen an déi konkreet Ofleef an Hannergrënn wiere Géigestand vun de lafenden Ermëttlungen.
D'Dot war e Méindeg an enger Ariichtung fir Jugendhëllef geschitt. De 45 Joer ale Papp soll do wärend engem Hëllefsgespréich jeeweils dräi Mataarbechter vun der Ariichtung a vum Jugendamt vun der Regioun Hannover erschoss hunn. De Verdächtegen ass an engem Auto geflücht, gouf awer vun der Police gestoppt a festgeholl. E Mëttwoch koum hien an Untersuchungshaft. Wéi d'"Bild" elo bericht, soll déi 64 Joer al Giedel vum Kand de Fluchtwon gefuer sinn.
Hannergrond vun der grujeleger Dot war dem éischten Ermëttlungsstand no ee Suergerechtssträit. Bei der Ariichtung fir Jugendhëllef waren déi dräi Méint al Duechter vum presuméierten Täter an déi 34 Joer al Mamm vum Kand ënnerbruecht.
Engem Bericht vum däitsche "Spiegel" no soll de Verdächtege säi Kand gerëselt hunn an et doduerch a Gefor bruecht hunn. En Dokter hat deementspriechend Blessure bei dem dräi Méint ale Puppelche festgestallt. De 45 Joer ale Mann aus Garbsen an der Regioun Hannover an d'Mamm vum Kand sollen deemno getrennt gewiescht sinn. Dem "Spiegel" no gouf et ee Suergerechtssträit an deem ee Geriicht am Abrëll an am Mee zweemol decidéiert hat.