CoronavirusD'Belsch reagéiert mat drastesche Mesuren op d'Hausse vun Neiinfektiounen

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem gi sozial Kontakter nees méi staark limitéiert.

Baussent dem Stot däerf ee just nach mat 5 Leit méi enke Kontakt hunn. E Méindeg souz de Conseil national de sécurité beieneen an huet eng Rëtsch Moossnamen decidéiert, fir géint déi weider Ausbreedung vum Virus ze kämpfen.

D’Premierministesch Sophie Wilmès sot sech géintiwwer der Press ganz besuergt iwwert d’Reprise vun der Epidemie.

Coronavirus an der Belsch / Reportage Pit Everling

Et komme virun allem Changementer bei der sougenannter „bulle sociale“. D’Zuel vun de Leit, mat deenen een e méi enke Kontakt däerf hunn, gëtt reduzéiert, vu 15 Leit pro Woch op 5 Leit fir déi 4 nächst Wochen.

Bei Kontakter baussent dëser sozialer “Bulle” mussen d’Distanzreegelen oder d’Maskeflicht respektéiert ginn.
Bei ëffentlechen Evenementer gëtt d’Zuel vun de Leit hallwéiert. An zouene Raim sinn et elo nach 100 Participanten, baussen 200.

Am private Beräich sinn Evenementer op 10 Persoune limitéiert, am Respekt vun de Reegelen, domadder sinn notamment Hochzäite viséiert.

Da kommen och Ännerunge fir de Commercesecteur. Et muss een eleng akafen goen, ausser am Fall vun engem Mannerjäregen deen zum Stot gehéiert, oder enger Persoun, déi net eleng kann akafen, an dat fir eng maximal Dauer vun 30 Minutten, ausser bei engem Rendez-vous.

Um Enn recommandéiert d’Regierungscheffin fir verstäerkt op den Teletravail ze setzen.

An der Belsch sinn d’Neiinfektiounen déi lescht Wochen nees staark geklommen. E Sonndeg waren et der 528, souvill wéi zënter Ugangs Mee net méi.

Besonnesch zu Antwerpen wier d’Situatioun brenzeleg, sou d’Regierungscheffin. Déi zweetgréisst belsch Stad gëllt aktuell als Corona-Hotspot.

Déi lokal Autoritéiten hate schonn eng Partie Restriktiounen an de leschten Deeg decidéiert.

Back to Top
CIM LOGO