
De moldawesche Premierminister Alexandru Munteanu huet e Freideg säi Récktrëtt annoncéiert, knapps aacht Méint nodeems hien de Posten ugetrueden hat.
Wéi de Munteanu op sengem offizielle Facebook-Profil schreift, hätt hien d'Aufgab, als Premierminister ze déngen, mat engem déiwe Flichtbewosstsinn an enger Iwwerzeegung, dass hien zu engem positive Wandel kéint bäidroen, ugeholl. Ma hie kéint säi Mandat net méi senge Prinzippien an Iwwerzeegungen entspriechend ausüben.
Den 62 Joer ale Muntenau ass e politesche Quereinsteiger. Hie gouf am Oktober zejoert vun der moldawescher Presidentin Maïa Sandu fir de Poste vum Regierungschef virgeschloen, nodeems dëser hir Partei "Aktioun a Solidaritéit" am September d'Parlamentswale gewonnen hat. Wärend de Wale goufen et ëmmer nees Reprochë vu Manipulatioun duerch Russland. Moskau huet dat ëmmer dementéiert.