
D'Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) huet viru massiven Auswierkunge vum Wieder-Phänomen "El Niño" gewarnt an déi betraffe Länner opgefuerdert, sech drop virzebereeden. Tëscht Juli a September wäert de Phenomen eng "staark Intensitéit" erreechen, sou d'UN-Agence e Freideg an hirem Klima-Bericht, deen d'WMO all Mount publizéiert. Den El Niño huet schonns agesat an d'Warscheinlechkeet vun extreemem Wieder wier a ville Regiounen op der Welt scho geklommen.
El Niño ass en natierlecht Phänomen, bei deem sech d'Surface vum Paszifik erhëtzt, wat zu weltwäite Changementer vum Wand, vum Loftdrock a vum Reen féiert. Seng Stäerkte ginn a schwaach, moderat, staark a ganz staark aklasséiert. Den El Niño vun dësem Joer gëtt säitens der WMO op déi bis ewell zweethéchste Stuf gehuewen.
"D'Konditioune fir den El Niño hu sech am tropesche Pazifik entwéckelt a wäerten an den nächste Méint séier u Stäerkt gewannen", sou d'Agence bei den UN. D'WMO-Generalsekretärin Celeste Saulo huet virun Dréchent, staarkem Reen an Hëtztwellen a ville Regiounen um Land an um Mier gewarnt. Si huet och annoncéiert, dass d'WMO hire Fréiwarnsystem ausbaue wäert. "Saisonal Viraussoen a fréi Warnunge sinn decisiv, fir Liewen ze retten a fir d'Auswierkungen op eis Wirtschaft a Gemengen ofzefiederen", sou d'Saulo weider.
Den El Niño ass ufanks just e waarme Mieresstroum, deen d'Waassertemperatur virun der latäinamerikanescher Pazifikküst ëm e puer Grad erhéicht. Jee nodeem wéi de Loftdrock sech awer ännert, kéint de Wand a Richtung Land eran geblose ginn. D'Waarmwaasserschichten am Weste vum Pazifik dreiwen da Richtung Küst zeréck, den Austausch vu kalem a waarmem Waasser an der Géigend vun der Küst kann dann net méi garantéiert ginn. Dëst ass dann den Ufank vun enger Kettereaktioun, déi net méi ze stoppen ass.