Äerdbiewen a VenezuelaZuel vun den Doudesaffer klëmmt op iwwer 2.500

AFP, iwwersat vun RTL
E Mëttwoch lescht Woch hate jo zwee staark Äerdbiewe kuerz hannerteneen den Norde vu Venezuela getraff.
© MARTIN BERNETTI/AFP

D'Zuel vun den Doudesaffer duerch déi zwee schro Äerdbiewen a Venezuela ass op iwwer 2.500 geklommen. Et wiere bis ewell 2.595 Doudesaffer gemellt ginn, sou d'Iwwergangspresidentin Delcy Rodríguez en Donneschdeg op enger Pressekonferenz. Ronn 12.400 Persoune goufe bis ewell als blesséiert gemellt.

D'Iwwergangspresidentin vum Land huet iwwerdeem verséchert, dass d'Rettungsekippe weider no Iwwerliewende géife sichen. Zu der Zuel vu vermësste Persoune goufe keng Detailer genannt. D'Autoritéite vum südamerikanesche Land hu bis ewell evitéiert, sech heizou ze äusseren. Schätzunge vun de Vereenten Natiounen no kéint d'Zuel vun de Vermëssten awer bei bis zu 50.000 leien.

Secouriste sichen a Venezuela no Iwwerliewender
Néng Deeg no de Biewen ginn nach Iwwerliewender fonnt. Och wann d'Chancen dofir antëscht enorm kleng sinn.

E Mëttwoch lescht Woch haten zwee staark Äerdbiewe kuerz hannerteneen den Norde vu Venezuela getraff.

Wann Dir mat enger Spend de Leit a Venezuela hëllefe wëllt:

Back to Top
CIM LOGO