
De Poopst Leo XIV. geet op grouss Frankräich-Rees. De 25. September kënnt hien op Paräis, wou hien eng Mass an der Kathedral vun Notre-Dame hale wäert.
Den Dag drop feiert hien eng grouss Mass dobaussen an der Haaptstad. Duerno geet et dann op Lourdes, ier hien op Metz weiderreest.
De Bëschof vu Metz, Philippe Ballot, huet sech ganz erfreet iwwer dës Ukënnegung gewisen. Hien huet betount, datt d'Muselregioun eng Geschicht vu Konflikter, awer och vun Zesummefannen huet.
Dobäi huet hien op de Robert Schuman higewisen, deen als ee vun de Grënner vun der europäescher Integratioun gëllt.
De Besuch vum Poopst gëtt als aussergewéinlecht Evenement ugesinn a soll vill Gleeweg aus Frankräich, Lëtzebuerg an den Nopeschregiounen op Metz zéien.
Fir d'Stad Metz ass et ee vun de bedeitendste reliéisen Evenementer vun de leschte Joren.