Parlamentswalen an UngarnDe Walgewënner Peter Magyar annoncéiert en Neiufank

Jeannot Ries
Den designéierten Nofollger vum Viktor Orban versprécht, d'Relatioune mat der Europäescher Unioun an der Ukrain ze normaliséieren.
No de Parlamentswalen an Ungarn
De Walgewënner Peter Magyar annoncéiert en Neiufank

Wärend knapp 3 Stonne stoung dee frësch gewielte Peter Magyar Ried an Äntwert. No 16 Joer Viktor Orban wëll de Leader vun der Tisza-Partei elo sou séier wéi méiglech den Zepter iwwerhuelen. De konservative Politiker huet um Méindeg eng nei Ära fir säi Land versprach. Ma wat bedeit dat? Innepolitesch? Fir Europa? Fir d’Ukrain?

Dee 45 Joer alen Affekot war selwer Member vun der Partei vum Viktor Orban. Bis virun zwee Joer d’Vertusche vu Fäll u Mëssbrauch an engem Kannerheem beim Peter Magyar en Elektroschock ausgeléist hunn. De konservative Peter Magyar seet Korruptioun a Muechtmëssbrauch de Kampf un. Direkt um Méindeg goung dee Kampf weider. Am Ausseministere, wou vertraulech EU-Informatiounen u déi russesch Regierung weidergeleet goufen, géif scho geschreddert.

''Dës Situatioun steet am staarke Kontrast zu deem, wat bei enger normaler Iwwergab an engem normal funktionéierende Land no enger politescher Campagne geschitt.” sou de Magyar.

Vill Ungarn hunn e Sonndeg mam System vu Ligen, Bedruch a Klauen ofgerechent

Bis viru kuerzem hu vill jonk Ungarn sech nach wéineg fir Politik intresséiert. E Sonndeg hu si awer ouni Zweiwel direkt zum Plébiscite vum Piter Majyar bäigedroen.

De politeschen Analyste Róbert László kënnt zur Conclusioun: “D’Leit hunn es einfach genuch vun där héchster Korruptioun jee. Déi héchst Inflatioun a ganz Europa. Liewensstandarden, déi sech vu Joer zu Joer, vun Dag zu Dag verschlechtert hunn. Ungarn huet opgehal ze wuessen.“

Grad do leien innepolitesch déi gréisst Defien, un deenen eng nei Regierung gemooss wäert ginn: Mam ale System opraumen. D’Wirtschaft nees ukuerbelen. Dofir den Appell vum Peter Magyar um Méindeg un den ungaresche President Tamas Sulyok: Sou séier wéi méiglech, scho virum 12 Mee, un ze rappen.

Invitéiert mech wgl. als Leader vun der stäerkster ungarescher Partei, déi déi meescht Stëmme krut, sou séier wéi méiglech eng Regierung ze bilden. Eis Heemecht huet keng Zäit ze verléieren, keng Minutte ze verschwenden.”

Fir eng konstruktiv europäesch Politik

De Bléck op d’Europäesch Unioun geriicht huet den neie staarke Mann vu Budapest eng konstruktiv europäesch Politik versprach. Op engem Ament, wou duerch d’Radikalisatioun vum Orban,Milliarden un EU-Strukturfonge blockéiert sinn. Eng 180-Grad-Kéier erwaart sech de politeschen Analyst Róbert László awer net.

“Dat heescht net, datt de Peter Magyar an den nächste Méint e Lämmche wäert sinn. Wat d’Ukrain ugeet, mengen ech, datt et nach Differenzen tëscht der neier Regierung a Bréissel gëtt. Mee a 95 % wäert hie sech dem europäesche Mainstream uschléissen.”

D’Relatioune mat der Ukrain entspanen

De Piter Magyar huet sech och fir eng Entspanung vun de Relatioune mat der Ukrain ausgeschwat. D’Ukrain kéint net gezwonge ginn, e Friddensofkommes z’akzeptéieren, dat se verflicht Territoiren ofzeginn. Hie wier bereet, den ungaresche Veto fir den 90 Milliarden-Euro-Hëllefspak opzehiewen. Bleift awer op engem Punkt haart:

''Mir hu vun Ufank u gesot, datt mir kee séiere Bäitrëtt vun der Ukrain an d’EU ënnerstëtzen.’'

E weidere sensibele Punkt, wou sech Aussen- an Innepolitik vermëschen, ass d’Migratioun. Do wäert de konservative Politiker wuel kaum noginn.

Back to Top
CIM LOGO