FrontexDéi irregulär Immigratioun an d'EU ass däitlech zeréckgaangen

Carine Lemmer
Den Haaptwee fir an Europa ze kommen ass nach ëmmer dat zentraalt Mëttelmier.
De Logo vun der Europäescher Grenzschutzagence Frontex.
© AFP

Déi irregulär Immigratioun an d'EU ass däitlech zeréckgaangen, virun allem iwwer d'Mëttelmier. Dat weisen Date vun der Agence fir Grenz-Schutz Frontex fir déi éischt véier Méint vun dësem Joer.

Knapp 29.000 Mënschen, also 40 % manner, ewéi am nämmlechten Zäitraum zejoert, sinn ouni déi néideg Pabeieren oder Autorisatiounen iwwer EU-Grenze komm. Dat ass den niddregste Stand zanter Joren. 2023 louch d'Zuel vun de Fäll nach dräi Mol sou héich.

Den Haaptwee, fir an Europa ze kommen, ass nach ëmmer dat zentraalt Mëttelmier. Meeschtens geet et a Libyen fort an d'Leit kommen op der italieenescher Küst un. Déi aner Route geet iwwer d'Tierkei Richtung Griicheland an Zypern.

Bis ewell wieren dëst Joer schonn iwwer 1.200 Mënschen am Mëttelmier gestuerwen.

A knapp engem Mount, den 12. Juni, trëtt den EU-Pak fir Migratioun an Asyl vollstänneg a Kraaft.

Back to Top
CIM LOGO