US-Bundesstaat TennesseePolizist rett Mamm a Kanner aus Haus, dat a Flame steet

RTL mat Reuters
Net laang gezéckt huet e Polizist an den USA, wéi et op all Sekonn ukomm ass.
Polizist rett Famill aus Haus a Flamen
Dräi Leit konnt en US-Polizist retten, well hien op engem Asaz séier reagéiert huet.

D'Police vun Chattanooga am US-Bundesstaat Tennessee huet elo d'Bildmaterial vun enger Bodycam vun engem Asaz publizéiert, wéi ee vun hire Beamten an en Haus, dat a Flame stoung, gelaf ass, fir hei ze hëllefen.

Den Officer Rogers ass den 1. Mee op en Asaz geschéckt ginn, nodeem Nopere gemellt haten, datt et an engem Haus géif brennen. De Polizist huet, wéi hien ukomm ass, net gezéckt an ass an d'Haus gelaf, fir enger Mamm an hiren zwee Kanner, déi hei agespaart waren, ze hëllefen.

Dem Officer Rogers ass et gelongen, d'Famill aus dem Haus ze kréien. Vun offizieller Säit heescht et, datt beim Asaz keng Persounen zu Schued komm sinn. D'Haus dogéint gouf duerch d'Feier an den Damp zerstéiert.

Back to Top
CIM LOGO