Stuerm, Reen an IwwerschwemmungenOp d'mannst 111 Persoune bei schwéiere Wiederen an Indien gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 70 Persoune ginn nach vermësst.
© STR/AFP

No heftegen Onwieder am nordindesche Bundesstaat Uttar Pradesh ass d'Zuel vun den Doudesaffer op op d'mannst 111 geklommen. Zousätzlech wieren nach op d'mannst 72 Leit blesséiert ginn, esou d'Informatioune vun den Autoritéiten.

Duerch d'Onwieder goufen an de leschten Deeg Beem aus dem Buedem gerappt an Diecher goufen ofgedeckt, et koum och zu gréisseren Iwwerschwemmungen.

Uttar Pradesh ass déi bevëlkerungsräichst Regioun an Indien. Zu dëser Zäit vum Joer, nach virun der Monsunsaison, triede sou Stierm reegelméisseg op. Wëssenschaftler warnen awer, datt extrem Wiederevenementer ëmmer méi heefeg ginn, eng Entwécklung, déi si mam Klimawandel a Verbindung bréngen.

Back to Top
CIM LOGO