Klimawandel, Pandemie ...Déi komplex Welt besser verstoen

Pierre Weimerskirch
Mir liewen an enger Welt, déi ëmmer méi komplex gëtt. D’Pandemie, de Klimawandel, politesch Konflikter sinn do nëmmen e puer Beispiller.
Déi komplex Welt besser verstoen
Den Dirk Brockmann ass Komplexitéitsfuerscher, hie well dozou bäidroen, dat mer leieren déi komplex Welt besser ze verstoen.

Den Dirk Brockmann ass Komplexitéitsfuerscher, hie wëll dozou bäidroen, dat mer léieren, déi komplex Welt besser ze verstoen.

Déi komplex Welt besser verstoen - Rep. Pierre Weimerskirch

Bei komplexen Theme misst een déi verschidde Fachrichtungen zesummebréngen, fir déi ënnerschiddlech Aspekter ënnert d’Lupp ze huelen, esou de Prof. Dr. Dirk Brockmann. E gutt Beispill wier hei de Klimawandel. Virop ass et e naturwëssenschaftleche Phänomen, dee beschreift, datt sech d’Äerd erwiermt. Déi gesellschaftlech, politesch an ekonomesch Konsequenzen, déi duerch de Klimawandel ervirgeruff ginn, géifen am Prinzip aner Fachberäicher betreffen, esou de geléierte Physiker.

Wéilt een déi aktuell grouss Erausfuerderung léisen, misst ee mat engem méi breede Bléck op dës schwiereg Thematike kucken. Gesellschaftlech Phenomener ginn ëmmer méi komplex. Villes wat mer haut erliewen hänkt mateneen zesummen. D’Klimakris an d’Pandemie wieren do nëmmen zwee Beispiller.

Ee vun de schwieregsten a wichtegste Phenomener, dat mer aktuell erliewen, wier d’Spléckung vun der Gesellschaft an d’Opkomme vu Verschwierungstheorien. Déi zentral Fro wier, wéi esou eppes entstoe kann. Eng Fro op déi et aktuell kaum eng Äntwert gëtt.

Hei de kompletten Interview mam Dirk Bockmann!

De kompletten Interview mam Dirk Brockmann

Back to Top
CIM LOGO