
“D’USA an Europa wäerte fir ëmmer verbonne bleiwen. D’USA wäerte fir ëmmer e Kand vun Europa bleiwen.” Fir déi Aussoen krut den US-Ausseminister Marco Rubio Applaus op der Münchener Sécherheetskonferenz. Anescht ewéi den US-Vizepresident JD Vance dat lescht Joer huet den Ausseminister eng frëndschaftlech Ried op europäeschem Buedem gehalen. Wat an Europa geschitt, hätt ëmmer och en Impakt op d’USA an hir national Sécherheet.
Dem Rubio no hätt déi westlech Zivilisatioun all Grond, fir houfreg ze sinn. An deem Sënn huet hien den Europäer Komplimenter gemaach. Dat hei wär de Kontinent vun der Rechtsstaatlechkeet, de Kontinent vum Dante, dem Michelangelo, awer och de Beatles an de Rolling Stones. De Rubio huet awer och vu Feeler geschwat. Déi massenhaft Migratioun hätt Europa an eng Kris gedriwwen. Et wär eng Menace fir de Westen. Och beim Handel hätt ee villes falsch gemaach. Onofhängegkeete missten ofgebaut a westlech Liwwerketten dogéint opgebaut ginn.
Da misst virop d’UNO iwwerduecht ginn, betount de Marco Rubio. Hiren Impakt wär limitéiert. Et wären d’USA, déi a Gaza fir de Waffestëllstand an am Iran fir Rou gesuergt hätten. An et waren och d’USA, déi Venezuela vun engem Diktator befreit hätten. Et wär schéin, wann all déi Konflikter diplomatesch kéinte geléist ginn, esou den US-Ausseminister. Ma d’Welt wär net esou.
De Weste misst seng Biergerinnen a Bierger schützen. D’USA an hire President Trump verlaangen e staarken Alliéierten, huet de Rubio de prominenten Gäscht am Hotel Bayrischer Hof matgedeelt. Si wäre géint de Status Quo, deen net funktionéiert. D’USA wéilte mat hiren eelsten Alliéierten, den Europäer, zesummen an eng hoffnungsvoll Zukunft goen. Si wéilten déi al Frëndschaft mat neiem Liewen erfëllen. Et soll eng couragéiert, dynamesch an innovativ Allianz sinn, fir an en neit Joerhonnert ze starten, huet den US-Ausseminister betount.
E Message vun Partnerschaft also vum US-Ausseminister. Den Däitsche Bundeskanzler Merz hat e Freideg fir d’Ouverture vun der Konferenz gemengt, d’Europäer missten op eegene Féiss stoen. An de franséische President Macron huet um selwechten den Owend d’Europäer motivéiert, op hir Wäerter ze zielen.
Nom Marco Rubio war et nach e Samschdeg de Moien um chineeseschen Ausseminister. De Wang Yi hat virdrun an der chineesescher Presse schonn d’EU opgefuerdert, mat China ze kooperéieren. China géif eng Chance fir d’EU duerstellen, esou de chineeseschen Ausseminister. De Marco Rubio sot op Nofro hin, och d’USA wéilten diplomatesch Bezéiunge mat China. A senger Ried huet de Rubio déi grouss geopolitesch Sujeten net konkret ugeschwat: Ukrain, Russland, China, oder och Grönland koumen net dra vir.
An hirer Ried huet d’EU-Kommissiounspresident Ursula von der Leyen betount, d’Europäer misste “méi Gas ginn” fir fir hir eege Sécherheet ze suergen a “Responsabilitéit iwwerhuelen”. Déi eege Sécherheet wier net ëmmer déi éischt Prioritéit gewiescht, mä dat misst sech fundamental änneren. Duerfir misst Europa awer “mat allen Tabuen briechen”, sou d’Ursula von der Leyen.
Änlech Téin koumen vum brittesche Premier Keir Starmer, deen Europa “e Ris, dee schléift” genannt huet. Europa misst awer prett sinn, fir ze kämpfen, sou den Appell vu London. D’Britte wieren do och bereet, eng Hand mat unzepaken.
De soll den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj als Vertrieder vum ganzen ukrainesche Vollek e Samschdeg den Owend och nach e Präis kréien. An dat op deem Dag, wou a sengem Land zwou Persounen duerch russesch Loftattacken op Odessa an d’Regioun Saporischschja ëm d’Liewe komm sinn.