
Eng Woch nom Optakt vun den Olympesche Spiller zu Mailand a Cortina d’Ampezzo sinn an Italien op en neits Schied um Schinnennetz detektéiert ginn. D’Autoritéite schléissen nei Aktioune vu Sabotage net aus. Den Trafik tëscht Roum a Florenz a Roum an Neapel ass gestéiert. Et wier mat Verspéidunge vun enger bis annerhallwer Stonn ze rechnen.
Virun enger Woch ware scho Schied op dräi Zuchstrecken am Norden vun Italien gemellt ginn. Souguer d’Anti-Terror-Unitéit hat sech ageschalt. Änlech Virfäll gouf et och schonn am Ufank vun de Summerspiller zu Paräis virun zwee Joer.