
De Parlamentspresident Jorge Rodriguez huet iwwer sozial Medie matgedeelt, datt “17 Mënschen, déi aktuell an der Zon siwen hir Fräiheet geklaut kruten, grad fräigelooss ginn”. Dobäi huet hie sech op de Prisong Zon siwe an der Haaptstad Caracas bezunn. D’Nimm vun de Prisonéier, déi fräigelooss ginn, huet hien net genannt.
Aktuell debattéiert d’Parlament iwwert en historescht Amnestiegesetz, duerch dat d’Ënnerdrécke vun Dissidenten duerch d’Geriichter en Enn kréie soll. Sollt d’Gesetz a Kraaft trieden, deckt et all d’Virwërf géint politesch Géigner vum President Nicolas Maduro, dee vun den USA festgeholl gouf, esou wéi deem säi Virgänger Hugo Chavez aus de leschte 27 Joer of
U sech sollt d’Decisioun schonn en Donneschdeg falen, ma d’Deputéiert haten d’Ofstëmmung no hanne verluecht, well se sech net drop eenege konnten, wéi een d’Gesetz soll ëmsetzen. D’Debatte sollen elo den 19. Februar weidergoen. Dem Entworf no soll d’Amnestiegesetz d’Virwërf vum “Verrot”, “Terrorismus” an der Verbreedung vun “Haass” ofdecken, sollten dëst d’Grondlage gewiescht sinn, wisou d’Dissidenten an de Prisong koumen.
D’Gesetz steet am Zentrum vun de Reformen vun der aktueller Presidentin Delcy Rodrigues, der Schwëster vum Parlamentspresident. Sollt d’Amnestie a Kraaft trieden, kéinten honnerte vu politesche Gefaangener op fräi Fouss kommen.
Déi lescht Woch war d’Amnestiegesetz an enger éischter Liesung vun de Deputéierten ugeholl ginn. U sech war sech erwaart ginn, datt no enger zweeter Liesung dëst d’Woch d’Gesetz och gestëmmt géif ginn. Ma e Sträit tëscht Membere vun der Regierung an Deputéierte vun der Oppositioun iwwer een Artikel vum Gesetz hat dëst verhënnert. Dësen Artikel gesäit vir, datt de Beschëllegte virun e Geriicht muss goen, fir d’Amnestie unzefroen.
D’Presidentin Rodrigues hat schonn domadder ugefaangen, fir politesch Prisonéier fräizeloossen. Bis ewell koumen der ONG Foro Penal no scho 430 politesch Prisonéier fräi, 640 wieren deemno nach am Prisong. Mat den Debatten am Hannerkapp waren en Donneschdeg dausende Leit op d’Strooss gaangen. Et war déi éischt grouss Demonstratioun vun der Oppositioun zanter d’USA de Maduro festgeholl hunn. Si hu gefuerdert, datt all déi politesch Prisonéier fräigelooss ginn.
Nodeem de Maduro den 3. Januar bei engem US-Militärasaz festgeholl gouf, gouf d’Delcy Rodrigues vum Ieweschte Geriichtshaff vum Land als Iwwergangspresidentin bestëmmt. Obwuel si dem Maduro seng riets Hand war, huet si d’Ënnerstëtzung vum US-President Donald Trump. D’US-Regierung ass un de Pëtrolreserve vum Venezuela interesséiert an huet d’Rodriduez gedrängt, fir politesch Prisonéier fräizeloossen.