
Op d'mannst 12.000 méi Doudeger goufen an néng europäesche Länner, déi am Zentrum vun der Hëtztwell louchen, gezielt. Dat geet aus enger Recherche vun der AFP ervir, déi dofir sech déi national Date vun de betraffene Länner ugekuckt huet. D'Noriichtenagence schreift weider, datt et sech bei dësen Daten ëm provisoresch Zuelen handelt, déi duerch statistesch Meldungen esouguer nach klamme kéinten.
Tëscht dem 22. an dem 28. Juni, dem Héichpunkt vun der Canicule a ville Länner, goufen an den nationalen Instituter vu siwe Staate scho ronn 10.000 zousätzlech Doudesfäll registréiert. Dëst sinn nieft eisen dräi Nopeschlänner an dem Grand-Duché selwer nach Spuenien, Holland an d'Schwäiz. Dobäi kommen nach 2.200 Doudeger, déi de brittesche Wiederdéngscht Met Office der Canicule an England a Wales zouschreift, dobäi. D'Britte bezéie sech awer op eng Period vun 10 Deeg, tëscht dem 18. an 28. Juni.