
D'USA hunn den Zäitraum, an deem Studenten a Journalisten aus dem Ausland sech an den USA ophalen dierfen, reduzéiert. De Reegelen no, déi en Donneschdeg publizéiert goufen an déi an zwee Méint a Kraaft sollen trieden, sollen auslännesch Studenten hire Studentevisa nach fir maximal véier Joer kréien. Auslännesch Journalisten dierfen nach maximal 240 Deeg an den USA bleiwen, kënnen awer eng Verlängerung vu weideren 240 Deeg ufroen. Visae fir chineesesch Journaliste gi souguer op 90 Deeg limitéiert.
Bis ewell duerften auslännesch Studente fir d'Dauer vun hirem Studium an den USA bleiwen, auslännesch Journaliste konnten e Visa fir bis zu fënnef Joer ufroen. Dës Verschäerfung war schonn am August 2025 vun der US-Regierung presentéiert ginn, wouropper awer sech 22.000 Leit beim Ministère fir Heemechtsschutz gemellt hunn. Déi nei Reegele goufen awer elo gréisstendeels onverännert zu der Ukënnegung aus dem leschte Joer publizéiert.
Den US-Ministère fir Heemechtsschutz hat deemools argumentéiert, eng net genannt Zuel vun auslännesche Staatsbierger géifen de System ausnotzen, fir als "éiweg Studenten" dauerhaft an den USA ze bleiwen. "Fréier Regierungen" hätten "auslännesche Studenten an anere Leit, déi e Visa hunn, erlaabt, quasi onbegrenzt an den USA ze bleiwen, wat Sécherheetsrisike matsechbréngt, a Käschten, déi een net moosse kéint, fir de Steierzueler verursaacht an US-Bierger benodeelegt."
Héichschoulen a Medienentreprisen haten de Projet schonn deemools schaarf kritiséiert. D'US-Regierung géif "e Message un all déi talentéiert Mënschen op der Welt schécken, datt hir Talenter an de Vereenegte Staaten net geschätzt ginn", esou den Zesummeschloss vun de Presidenten vun den Unien an den Héichschoulen an den USA. Aus de Medie war ze héieren, datt dëst Virgoen "Quantitéit an d'Qualitéit vun den Noriichten aus den USA verréngert" an dem "internationale Bild vun Amerika géif schueden, amplaz et ze fërderen."
Den US-President Donald Trump fiert jo eng haart Linn géint déi irregulär Migratioun a wëll Millioune Mënschen ouni gëlteg Openthaltsgeneemegunge aus dem Land weisen. D'Virgoe vun den Autoritéiten, déi fir d'Awanderung zoustänneg sinn, an der Expulsiounspolice ICE suergen an den USA ëmmer nees fir Kritik.