Hëllef fir VenezuelaDës ASBLe sammele Spende fir d'Affer vum Äerdbiewen

RTL Lëtzebuerg
No den déidlechen Äerdbiewen a Venezuela leeft d'international Hëllef op Héichtouren – nieft staatlecher Ënnerstëtzung sammelen och verschidde Lëtzebuerger ASBLen elo Spenden, fir den Affer ënner d'Äerm ze gräifen.
Stand 30. Juni ginn nom Äerdbiewen iwwer 1.700 Doudesaffer gezielt.
© ROSALI HERNANDEZ/AFP

Knapp eng Woch ass et hier, datt Venezuela innerhalb vu kierzter Zäit vun direkt zwee Äerdbiewe getraff gouf. Mat enger Stäerkt vu 7,2 a 7,5 op der Richterskala hunn dës Biewe fir grouss Zerstéierung am Land gesuergt.

Stand 30. Juni ginn iwwer 1.700 Doudesaffer gezielt, d'Zuel vu Blesséierte steet bei ëm 5.000, iwwerdeems net gewosst ass, wéi vill Persounen nach vermësst ginn. Sëllege Länner hunn zanterhier direkt Hëllef op d'Plaz geschéckt, dorënner och Lëtzebuerg.

Well awer sécherlech och indirekt Hëllef wäert gebraucht ginn, fir d'Land iwwer déi nächst Méint a Joren nees opzebauen – bal 60.000 Gebaier gëllen als beschiedegt oder komplett zerstéiert – hu sech och ASBLen ageschalt, fir Spenden ze sammelen.

Hei drënner fannt Dir all d'Informatiounen, wéi ee ka finanziell Ënnerstëtzung ginn.

Hëllef fir Venezuela

Care Luxembourg

Um Site vu Care Luxembourg kann een en direkten Don per Formulaire maachen, zum Beispill ënner "Urgence Venezuela" oder weideren Aktivitéite vun der Organisatioun.

Croix Rouge Luxembourg

Och d'Croix Rouge bitt änlech Optiounen un, fir direkt iwwer hire Site ze spenden.

Médecins sans frontières Luxembourg

MSF Lëtzebuerg bitt kee spezifesche Link fir Spende fir Venezuela un. D'ASBL ass awer eegenen Informatiounen no och schonn an de Spidoler op der Plaz aktiv, sou datt Donen, déi gesammelt ginn, och do wäerten zum Asaz kommen. Hei de Link fir ze spenden.

Unicef Luxembourg

Unicef Luxembourg huet e spezielle Site mat Formulaire fir Spenden nom Äerdbiewen a Venezuela. Iwwer dëse Link kënnt Dir hëllefen.

Fondation partage Luxembourg

Och d'Fonation partage Luxembourg huet hir Ënnerstëtzung fir d'Affer zougesot. Dir kënnt der ASBL hëllefen, andeems der e Virement maacht oder iwwer Payconiq Suen iwwerweist.

Virement: CCPL LU74 1111 1261 0097 0000 mat der Kommunikatioun "Urgence Venezuela 2026"
Payconiq: "Urgence Venezuela 2026"

© Fondation partage Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO