
Déi franséisch Tëleesanimatrice Flavie Flament huet e Freideg op hirem Instagram-Profil annoncéiert, dass si eng Plainte géint de Sänger a Schauspiller Patrick Bruel deposéiert hätt. Dat, well hie si vergewaltegt hätt, wéi si nach mannerjäreg war.
Dem Patrick Bruel seng Affekoten hu géigeniwwer der franséischer Noriichtenagence AFP uginn, dass hire Mandant dem Flavie Flament ni géint hire Wëllen eng kierperlech Relatioun opgezwongen hätt. De Sänger an d'Animatrice hätte sech an den 1990er Jore kennegeléiert an ëmmer nees mateneen ze di gehat. Hi Relatioun wier dobäi reng frëndschaftlech gewiescht.
De Sänger muss sech den Ament schonn an zwee weidere Fäll vu presuméiertem Viol viru Geriicht veräntweren: Den 12. Mäerz hat déi aktuell Generaldirektesch vun Unifrance Daniela Elsnter de Bruel wéinst enger sexueller Aggressioun ugeklot an Enn Mäerz hat eng belsch Presseattachée an der Belsch eng Plainte deopséiert.