
Vill Investisseuren hoffen op en änleche Succès wéi bei Tesla.
Allerdéngs sollen déi zukünfteg Aktionäre bal keng Rechter hunn. Den neie Reegelen no behält den Elon Musk bal déi komplett Kontroll iwwer d’Entreprise. Hien dierf de Verwaltungsrot gréisstendeels selwer bestëmmen, an d'Aktionäre kënnen net géint d’Firma oder géint de Musk viru Geriicht goen. Amplaz musse méiglech Konflikter privat gereegelt ginn.
Zousätzlech huet den Elon Musk en aussergewéinleche Bonus accordéiert kritt: Hie kéint Honnerte Milliarden Dollar u weideren Aktien kréien, wa SpaceX immens héich Boursewäerter erreecht an Zukunftsprojete realiséiert. Dozou gehéiere Rechenzentren am Weltall an eng Kolonie vu méi wéi enger Millioun Mënschen um Mars. Dës Technologien existéieren awer nach net.
Kritiker nennen dës Struktur extrem a geféierlech, well et bal keng Kontroll méi géif ginn. Dobäi huet SpaceX d’lescht Joer trotz héijem Ëmsaz bal fënnef Milliarden Dollar Verloscht gemaach.