
En Donneschdegowend gouf am Kader vun enger Ausenanersetzung am Drogemilieu an der franséischer Stad Nantes op e Grupp vun dräi Jugendleche geschoss. Der franséischer Police no wier et am Gank vun engem Héichhaus zu der Dot komm. E 15 Joer ale Jong ass hei gestuerwen an zwee Stéck am Alter vun 13 a 11 Joer si blesséiert ginn.
Dem zoustännege Procoureur no wier den Hannergrond vun der Dot warscheinlech eng Ofrechnung am Drogemilieu. De franséischen Inneminister Laurent Nuñez sot bei senger Visitt zu Nantes e Freideg, dass een decisiv géint d'Drogekriminalitéit géif virgoen. Déi zoustänneg Autoritéite géifen net noloossen.
Schonn e Méindeg waren zu Nice zwou Persoune am Zesummenhang mat der Drogekriminalitéit gestuerwen an dräi weiderer goufe blesséiert.