
Am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo ass et zu engem déidlechen Ausbroch vum Ebola-Virus komm. Wéi d'Gesondheetsagence vun der Afrikanescher Unioun matdeelt, sinn an der Provënz Ituri véier Persounen duerch de Virus ëm d'Liewe komm. Dat hunn Analyse vun engem Laboratoire confirméiert. Iwwerdeems géifen et 246 Fäll ginn, bei deenen de Verdacht vun enger Infektioun besteet.
Déi éischt Resultater vun den Analyse géifen ausserdeem drop hindeiten, dass et sech beim Ausbroch ëm d'Zaire-Variant vum Ebola-Virus handelt. Fir dës gëtt et mëttlerweil eng Impfung. D'Sequenzéierung vum Virus ass allerdéngs nach net komplett ofgeshloss.
D'Gesondheetsagence géif d'Situatioun ganz genau observéieren.
Ebola verleeft dacks déidlech. An de leschte Joren si bei verschiddenen Epidemie vum Virus tëscht 25 an 90 Prozent vun den Infizéierte gestuerwen.