An enger Ried zur HaaptsendezäitDonald Trump behaapt, China hätt d'Presidentiellen 2020 beaflosst

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-President huet vum gréissten Dateklau an der Geschicht geschwat.
© SAUL LOEB/AFP

An enger Usproch un d'Natioun, déi hien en Donneschdegowend zur Haaptsendezäit an den USA am Wäissen Haus gehalen huet, huet den US-President Trump behaapt, datt China d'Walen 2020 beaflosst, an Date vu Wieler geklaut hätt. Den Trump hat déi Presidentiellen jo géint den Demokrat Joe Biden verluer.

Gutt dräi Méint virun de wichtege Midterms, also den Tëschewalen fir den US-Kongress, huet den Trump esou nees Zweiwel un der Sécherheet vum Walsystem opkomme gelooss.

China hätt de gréissten Dateklau an der Geschicht begaangen an d'US-Geheimdéngschter hätten dat vertuscht, sou den amerikanesche President. D'geheimdéngschtlech Autoritéiten haten awer Ugangs 2021 keng Amëschung vun engem auslännesche Staat festgestallt.

Ëmfroen no, kéinten dem Trump seng Republikaner bei de Kongresswalen Sëtz a warscheinlech och am Representantenhaus verléieren.

Back to Top
CIM LOGO