Iran-KrichDonald Trump beschwéiert sech weider iwwer Manktem un Ënnerstëtzung vun NATO-Memberen

RTL Lëtzebuerg
Déi iranesch Haaptstad Teheran gouf an der Nuecht op e Samschdeg iwwerdeems nees bombardéiert.
© MORTEZA NIKOUBAZL/NurPhoto via AFP

De Krich am Iran ass elo 4 Wochen am gaangen. A kee weess wéi et weider geet. Israel an d’USA hunn den 28. Februar mat Loftattacken op den Iran ugefaangen. Teheran reagéiert mat Rakéiten- an Dronenattacken op Israel, op d’Golfstaaten an op US-Ariichtungen an der Regioun. Den Iran blockéiert och Pëtrolsliwwerungen, wat fir Enkpäss suergt a fir Präisser, déi an d’Luucht ginn.

Déi iranesch Haaptstad Teheran gouf an der Nuecht op e Samschdeg nees bombardéiert.

D’Roserei bei den Noperen, den arabesche Golfstaaten, gëtt och ëmmer méi grouss. Hire Geschäftsmodell funktionéiert net méi, deen um Export vu Pëtrol a Gas baséiert. An och den Tourismus leit an dat weltwäit.
De Fluchverkéier ass enorm betraff, mat Loftraumspären, blockéierten Hubs wéi Dubai oder Doha fir ëmzeklammen a Kerosin-Käschten, déi staark an d’Luucht gaange sinn.
Vill Leit hunn och Sécherheetsbedenken. Zypern zum Beispill ass dat EU-Land, dat geografesch am noosten um Noen Oste läit, a vill Leit hunn hir Vakanz do ofgesot. Arabesch Touristen a Gäscht aus Asien sinn an Europa och vill méi rar ginn.

Den Donald Trump huet sech op en Neits iwwer d’NATO beklot an d’Hëllef, déi géif ausbleiwen. Hie wëll jo Ënnerstëtzung bei der Strooss vun Hormus, fir déi ze deblockéieren.
Besonnesch am Viséier huet hien den däitsche Kanzler, säi Kolleeg “Friedrich”. Dee géif jo soen: Et wär net eise Krich. Och Frankräich a Groussbritannien huet den Trump kritiséiert, an huet nees eng Kéier widderholl, den Ukrain-Krich géif dann och d’USA näischt ugoen.

Back to Top
CIM LOGO