Reprochë vun Interessekonflikter zréckgewisenDonald Trump huet 2025 méi wéi 1,2 Milliarden Dollar mat Kryptowärunge gemaach

RTL mat AFP
Den US-President huet säi privat Verméigen am Joer 2025 virun allem duerch Kryptowärunge knapp verdräifacht. Bei der Presentatioun vum obligatoresche Joresbericht huet d'Wäisst Haus all Reproche vu méiglechen Interessekonflikter zréckgewisen.
US President Donald Trump speaks with reporters after signing a presidential memo on pollution control in vehicles at the Oval Office of the White House in Washington, DC, on June 29, 2026. (Photo by SAUL LOEB / AFP)
US President Donald Trump speaks with reporters after signing a presidential memo on pollution control in vehicles at the Oval Office of the White House in Washington, DC, on June 29, 2026. (Photo by SAUL LOEB / AFP)
© AFP

Den US-President Donald Trump huet am Joer 2025 eleng mat sengen Aktivitéiten vu Kryptowärungen 1,2 Milliarden US-Dollar, also gutt eng Milliard Euro gemaach. Dat geet aus enger Berechnung vun der Noriichtenagence AFP ervir, nodeems en Dënschdeg offiziell d'Opstellung vum Akommes vum 80 Joer ale President verëffentlecht gouf. D'Wäisst Haus huet dobäi Kritik u méiglechen Interessekonflikter zréckgewisen.

E Gesetz aus dem Joer 1978 verflicht de President an de Vizepresident vun den USA, hiert Akommes a Verméigenswäerter oppenzeleeën. D'Opstellung fir 2025, déi elo fir den Trump virgeluecht gouf, ass eleng scho méi wéi 900 Säite grouss. Doran ass ze liesen, datt hie knapp 500 Milliounen Dollar duerch d'Kryptowärungsentreprise World Liberty Financial gemaach huet, déi vu senger Famill kontrolléiert gëtt. Fir Lizenzrechter am Zesummenhang mam sougenannten Trump-Coin, dee kuerz virum Ufank vu sengem Amtsuntrëtt Ufank 2025 erausgi war, huet den Trump den Infoen no 635 Milliounen Dollar gemaach.

D'Aktivitéite vum President am Beräich Kryptowärunge sinn den Haaptgrond fir déi enorm Hausse vu sengem Privatverméigen. Dëst huet sech dem Magazin "Forbes" no tëscht 2024 an 2026 vun 2,3 op 6,5 Milliarden Dollar knapp verdräifacht.

Dem Trump gi reegelméisseg Interessekonflikter reprochéiert, well en als President d'Dereguléierung vum Krypto-Secteur virugedriwwen huet an zäitgläich selwer an deem Beräich investéiert. D'Wäisst Haus huet dës Reprochen en Dënschdeg zréckgewisen. "Weder de President nach seng Famill ware jeemools an Interessekonflikter verwéckelt a wäerten dës och nimools sinn", huet dem Trump seng stellvertriedend Spriecherin Anna Kelly gesot. De President hätt d'USA "houfreg zur Krypto-Haaptstad" vun der Welt gemaach".

Och d'Akommes vun der First Lady Melania Trump gëtt an de verëffentlechten Dokumenter gewisen. Doran ass en Akommes an Héicht vu méi wéi zéng Milliounen Dollar fir eng Amazon-Doku iwwert si opgelëscht sou wéi en Akommes vun iwwer 500.000 Dollar fir hir Memoiren, déi Enn 2024 erauskomm waren.

Back to Top
CIM LOGO