Rekord vun 2024 getopptOzeaner am leschte Mount sou waarm wéi nach ni an engem Juni

RTL mat AFP
Nieft den Hëtztrekorder, déi et virun e puer Deeg ënner anerem zu Lëtzebuerg, an Däitschland an a Frankräich gi war, gouf elo och een neien negative Rekord an den Ozeanen opgestallt.
Neuer Wärmerekord für die Ozeane: Die Temperatur der Weltmeere war im vergangenen Monat so hoch wie nie zuvor in einem Juni. Die Durchschnittstemperatur an der Meeresoberfläche betrug im vergangenen Monat 20,98 Grad Celsius.
Neien Hëtztrekord an den Ozeaner.
© AFP/Archiv

D'Temperatur vun de Weltmierer war am leschte Mount sou héich wéi nach ni virdrun an engem Juni. D'Duerchschnëttstemperatur un der Mieresuewerfläch hätt de leschte Mount bei 20,98 Grad Celsius geleeën, dat huet e Mëttwoch den EU-Observatiounsprogramm Copernicus Marine Service matgedeelt. De Rekordwäert bis elo louch bei 20,89 Grad aus dem Juni 2024.

Op déi ganz éischt Hallschent vum Joer louch d'Temperatur vun den Ozeaner um zweethéchste Wäert fir dës Period. Nëmmen an den éischte sechs Méint vum Joer 2024 war d'Duerchschnëttstemperatur vun de Weltmierer nach méi héich, huet Copernicus weider erkläert.

D'Ozeaner bedecke ronn zwee Drëttel vun der Äerduewerfläch. Déi aktuell besonnesch héich Temperature wäerten no der Aschätzung vu Copernicus warscheinlech weider unhalen oder souguer nach klammen. "Déi aktuell Bedéngunge kéinten den Ufank vun enger neier Phas alauden an eis eemol méi an en onbekannten Terrain féieren", huet de Carlo Buontempo vu Copernicus erkläert.

Verantwortlech fir dës Entwécklung wieren deemno en Zesummespill vu Klimaerwiermung an dem Klima-Phenomen "El-Niño", betount de Buontempo. El-Niño ass en natierlecht Klima-Phenomen, dat all zwee bis siwe Joer virkënnt a mat enger Ofschwächsung vum Passatwand am tropesche Pazifik ufänkt. Déi bis elo lescht El-Niño-Phas gouf et an de Joren 2023/24, wouduerch och de Juni-Rekordwäert, deen et bis elo gouf, entstane war.

D'Ozeaner spillen eng Schlësselroll bei der Reguléierung vum globale Klima, well se de Groussdeel vun der iwwerschësseger Wäermt ophuelen, déi duerch d'CO2-Emissioune vun de Mënsche verursaacht gëtt. Méi héich Mierestemperature kënne schiedlech Suitte fir eis Äerd hunn. Si maachen d'Stierm an och d'Nidderschléi méi staark, se si fir d'Verbleeche vu Koralle verantwortlech a suerge fir eng Hausse vum Mieresspigel.

Back to Top
CIM LOGO