Genee 6 Méint nom déidleche BrandAus der zerstéierter Bar zu Crans-Montana gëtt e Jugendzentrum

RTL Lëtzebuerg
Aus dëser Plaz soll "ni méi eng Bar" ginn, heescht et vun offizieller Säit. Dat juristescht Opschaffe vun der Katastroph leeft iwwerdeems weider op Héichtouren.
Blummen nom Ongléck virun der Bar zu Crans-Montana
© ROBIN MILLARD/AFP

No der déidlecher Brandkatastroph den 1. Januar 2026 am Schwäizer Schi-Duerf Crans-Montana, bei deem 41 Persoune gestuerwe sinn, ass elo gewosst, dass ni méi eng Bar wäert op dës Plaz kommen. De Regierungschef vum Schwäizer Kanton Wallis, de Christophe Darbellay, huet der Zeitung "Le Temps" géigeniwwer gesot, dass d'Bar "Le Constellation (...) ni méi eng Bar wäert ginn". Amplaz soll hei eng Plaz entstoen, déi komplett nei ausgebaut gëtt an "déi der Jugend zur Dispositioun" stoe soll.

Swiss Federal President Guy Parmelin (L), Head of government of the Canton of Valais Mathias Reynard (C), State Councillor and President of the Council of State of the Canton of Valais Christophe Darbellay (R) attend a tribute ceremony for the victims of the deadly fire that ripped through the bar Le Constellation in Crans-Montana on New Year's Eve, in Martigny, on January 9, 2026.
Swiss Federal President Guy Parmelin (L), Head of government of the Canton of Valais Mathias Reynard (C), State Councillor and President of the Council of State of the Canton of Valais Christophe Darbellay (R) attend a tribute ceremony for the victims of the deadly fire that ripped through the bar Le Constellation in Crans-Montana on New Year's Eve, in Martigny, on January 9, 2026.
© LAURENT GILLIERON/AFP

Fir déi laangfristeg Ënnerstëtzung vun de Betraffenen an den Hannerbliwwenen huet de Kanton Wallis eng Stëftung gegrënnt, déi mat 24 Millioune Schwäizer Franken dotéiert ass.

Dat juristescht Opschaffe vun der Katastroph leeft dann och op Héichtouren. Dem Christophe Darbellay no wiere scho 15 Persounen ugeklot ginn, dorënner Mataarbechter vun der Gemeng a Leit, déi responsabel fir d'Sécherheet waren.

An der Nuecht vu Silvester, also vum 31. Dezember op den 1. Januar, war an der Bar e Brand ausgebrach, deen 41 virun allem jonk Mënschen d'Liewe kascht huet, 115 Persoune goufen zum Deel ganz uerg verwonnt.

De Parquet geet dovunner aus, dass d'Brandkatastroph duerch Späizmännchercher, déi u Fläsche montéiert waren, ausgeléist gouf. Dës sinn nämlech ze no un de Plaffong komm, deen deemools mat Schaumstoff ausgekleet war an doduerch extrem séier a liicht ugefaangen huet mat brennen.

D'Autoritéiten aus dem Kanton plangen dann och en Denkmal fir d'Affer vun dësem schrecklechen Dag. Wéi de Christophe Darbellay am Interview weider seet, soll dëst "schéin, friddlech an zougänglech" sinn, fir e "wierdegt Erënneren un déi Doudeg a Blesséierter, souwéi de Leit, déi gehollef hunn, dat ze erméiglechen. Fir den 1. Januar 2027, also ee Joer nom Ongléck, wäert dann och eng Gedenkfeier ofgehale ginn.

© AFP

Ënnert anerem goufen et an de Wochen a Méint nom Brand deels ugespaant Situatiounen, ënnert anerem mat Italien. Ënnert anerem d'Fräiloossung vum Jacques Moretti aus der Schwäizer U-Haft, dem Patron vun der Bar, an d'Austellunge vu Rechnunge vun der Schwäiz und den italieenesche Staat an de betraffene Famillen huet deels fir grouss Opreegung gesuergt. Sechs Affer koume jo aus Italien.

Wéi de fréieren italieeneschen Ambassadeur zu Bern, den Gian Lorenzo Cornado awer an engem rezenten Interview betount, hätt sech d'Stëmmung tëscht der Schwäiz an Italien nees berouegt.

Wärend der Brandkatastroph "huet déi italieenesch Ëffentlechkeet no italieenesche Mesuren an net op Grond vun de Schwäizer Prozedure reagéiert", gëtt den Diplomat ze bedenken. "D'Fräiloossung vum Jacques Moretti huet schockéiert. Dass ech zeréck op Roum geruff gouf, war e Protest géint dëst Decisioun."

Och d'Erausschécke vu Rechnungskopien huet d'Relatioun tëscht béide Länner weider belaascht gehat. Ma wéinst engem Accord tëscht Italien an der Schwäiz musse weder italieenesch Famillen, nach de Staat an Italien fir iergendwellech Käschten opkommen.

De Gian Lorenzo Cornado gëtt awer weider ze bedenken: "Sollten d'Strofen um Enn, och wa se dem Schwäizer Recht entspriechen, ze schwaach aufgalen, géif an Italien d'Gefill entstoen, dass den Affer keng Gerechtegkeet widderfuer ass".

Back to Top
CIM LOGO