Eng massiv Wiederfront ass e Mëttwoch iwwer Bukarest esou wéi zwanzeg aner Regiounen a Rumänien gezunn. Dobäi ass eng Persoun ëm d'Liewe komm an Dosende Wunnengen a Gefierer goufe beschiedegt.
D'Noutdéngschter hu matgedeelt, datt eleng zu Bukarest 2.000 Uriff agaange sinn. Verschidde Metro-Statioune stoungen ënner Waasser an d'Rettungsdéngschter waren am Dauerasaz.
Nieft der rumänescher Haaptstad gouf et duerch de Stuerm an de Ree Schied an iwwer 60 Uertschaften a Gemengen. Hei ass dann och den Doudesfall ze verzeechnen. Eng Persoun ass ëm d'Liewe komm, wéi e Bam op hiren Auto gefall war. Och an dëse Géigende waren d'Rettungsdéngschter an d'Police dauerhaft gefuerdert, fir Leit ze evakuéieren oder Stroosse vun Debris a Beem, déi ëmgefall waren, ze befreien.
Virum Stuerm hat och Rumänien mat der Canicule ze kämpfen, mat deelweis Temperaturen iwwer 40 Grad Celsius. Den däitlech erhéichte Stroumverbrauch huet dann och fir méi héich Stroumpräisser gesuergt.