Bal 2.000 DoudesafferSiwen Deeg Staatstrauer no Äerdbiewen a Venezuela

AFP, iwwersat vun RTL
Fir un d'Affer vun den zwee Äerdbiewen d'lescht Woch a Venezuela ze gedenken, gouf eng siwen Deeg laang Staatstrauer ausgeruff.
Eine Woche nach dem verheerenden Doppel-Erdbeben in Venezuela hat Übergangspräsidentin Delcy Rodríguez eine siebentägige Staatstrauer ausgerufen. Die Staatstrauer soll demnach um 18.00 Uhr (Ortszeit, Donnerstag 00.00 Uhr MESZ) beginnen.
D'venezuelanesch Iwwergangspresidentin Delcy Rodríguez bei Familljemembere vun Affer vun den Äerdbiewen.
© Venezuelan Presidency/AFP/Archiv

Eng Woch no den uergen Äerdbiewen a Venezuela huet d'Iwwwergangspresidentin Delcy Rodríguez eng Staatstrauer vu siwen Deeg ausgeruff. "Fir d'Gedenken un d'Affer hunn ech decidéiert, vun haut um 18 Auer (Lokalzäit, Donneschdeg Mëtternuecht eiser Zäit) eng siwen Deeg laang Staatstrauer auszeruffen", huet d'Rodríguez e Mëttwoch op Telegram matgedeelt. "D'Séil vu Venezuela ass zerrass duerch déi mënschlech Verloschter, déi dës Äerdbiewe verursaacht hunn."

E Mëttwoch d'lescht Woch gouf et zwee staark Äerdbiewen a Venezuela, bis en Dënschdeg goufen offiziellen Zuelen no iwwer 1.900 Doudeger gebuergen. Méi wéi 10.500 Leit goufe blesséiert.

Der UNO no ginn nach iwwer 50.000 Leit vermësst. Wéi de Parlamentspresident Jorge Rodríguez sot, wieren eng 30.000 vun hinnen am Hafegebitt vun der Küstestad La Guaira, déi am stäerksten zerstéiert gouf, gewiescht. Hie sot, datt bal 6.500 Leit zu La Guaira vu Sichekippe gerett konnt ginn. Hie geet awer dovun aus, datt déi tatsächlech Zuel un Iwwerliewende warscheinlech éischter bei 20.000 léich, well sech sëllege Leit aus eegener Kraaft oder mat der Hëllef vu Familljememberen, Frënn an Nopere befreit hätten.

Back to Top
CIM LOGO