Strooss vun HormusDräi Pëtrolstanker konnten déi iranesch Blockad ëmgoen

RTL mat AFP
Et sinn säit laangem déi éischt Schëffer, déi de persesche Golf konnten ouni iranesch Autorisatioun verloossen.
Archivbild vu Schëffer, déi d’Strooss vun Hormus net passéiere kënnen.
© MARWAN NAAMANI/AFP

E Freideg koum d’Nouvelle, datt dräi Tanker, dorënner een, deen verschidde Firmen, dorënner enger japanescher, gehéiert, konnten d’Strooss vun Hormus passéieren. En Donneschdeg wier dat de Schëffer gelongen, andeem si éischter eng méi rare Route geholl hunn. Si sinn nämlech no laanscht d’Küst vum Oman gefuer, fir duerch d’Strooss ze kommen.

Virum Krich, dee viru ronn engem Mount ugefaangen huet, koum bal ee Fënneftel vum weltwäite Pëtrol a Flësseggas duerch d’Strooss vun Hormus. Ma zanter dem Krich attackéiert den Iran déi Tanker, déi d’Strooss passéiere wëllen, a blockéiert esou den Export vun de Pëtrolsproduiten.

Datt d’Strooss von Hormus bal zou ass, eenzeg Schëffer, déi net zu US-Alliéierte gehéieren, dierfe passéieren, huet dozou gefouert, datt de Pëtrol op der ganzer Welt méi rar ginn ass an datt d’Präisser an d’Luucht geschoss sinn.

Datt en Donneschdeg dräi Schëffer d’Strooss passéiert hunn, ass eng wichteg Nouvelle, grad well si en interessante Wee fir hier Faart genotzt hunn. D’Tanker sinn no laanscht d’Küst vum Oman gefuer. All déi aner Booter, déi et bis ewell erausgepackt haten, hunn dëst mat enger Autorisatioun vum Iran gemaach. Bis ewell gouf awer net festgestallt, datt aner Tanker de Wee laanscht den Oman probéiert hunn oder probéiere wëllen.

Ee vun den dräi Tanker ass d’Sohar LNG, déi zu enger japanescher Firma gehéiert. Berichter no ass dëst dat éischt japanesch Schëff, dat d’Strooss vun Hormus konnt verloossen zanter dem Ufank vum Krich. D’Schëff, datt eidel war, wéi et d’Strooss passéiert hat, houng zanter dem 25. Februar am Golf fest.

Back to Top
CIM LOGO