VakanzD'Situatioun op engem Camping a Südfrankräich

Tom Hoffmann
Christophe Hochard
Wärend hei zu Lëtzebuerg nach bis Mëtt Juli Schoul ass, huet d'Vakanzenzäit an anere Länner schonn ugefaangen.
D'Situatioun op engem Camping a Südfrankräich
Wärend hei zu Lëtzebuerg nach bis Mëtt Juli Schoul ass, huet d’Vakanzenzäit an anere Länner schonn ugefaangen.

Sou zum Beispill och a Frankräich, och eng ganz beléiften Vakanzendestinatioun fir vill Lëtzebuerger. A Covid-19 Zäite muss een hei allerdéngs och verschidde Mesuren anhalen. RTL war sech d’Situatioun op e Camping a Südfrankräich ukucken.

Mir sinn op der Côte d’Azur, zu Bormes Les Mimosas. De Camping mécht normalerweis fir d’Ouschtervakanz seng Dieren fir Touristen op. Wéinst der sanitärer Kris war dat dëst Joer net de Fall.

Op dem 45 Hektar groussen Camping-Areal ginn et 1.300 Plazen an 250 Bungalowen.

Fir de Gäscht déi néideg Sécherheet ze ginn a reegelméisseg déi sanitär Anlagen ze desinfizéieren, gouf och méi Personal engagéiert. Tëscht moies 6 a nomëttes 16 Auer ass ëmmer eng Persoun responsabel fir ze botzen.

Spillplazen an Duschen ginn all Dag e puer Mol desinfizéiert.

600 Liter un Desinfektiounsmëttel goufe kaf an déi Responsabel vum Camping hunn 6.000 Euro a Masken fir d’Personal investéiert.

D’Plagen a Frankräich gi vun de respektive Gemengen geréiert. Zu Bormes Les Mimosas brauch ee kee Mask unzedoen, wann een op d’Mier geet.

D’Touristen géifen aktuell éischter Chaleten um Camping buchen.

Back to Top
CIM LOGO