Deadline eng drëtte Kéier verréckeltD'USA hunn dem Iran bis an d'Nuecht op e Mëttwoch Zäit ginn, fir de Passage vun Hormuz nees opzemaachen

François Aulner
Den US-President Donald Trump huet gedreet, den Iran soss bannent enger Nuecht - ewéi hie sot - "zeréck an d'Steenzäit" ze schécken.
Den Donald Trump mécht Drock op de Mullah-Regimm am Iran.
© KENT NISHIMURA/AFP

Nei ass, datt hien och gedreet huet, zivil Infrastruktur ewéi Brécken oder Stroum-Produktiounssitten ze viséieren – wat ëmmer nees vu Russland an der Ukrain gemaach an als Krichsverbrieche verurteelt gëtt. Den Ultimatum leeft nach bis 2 Auer eiser Zäit an der Nuecht op e Mëttwoch.

Den iranesche Regimm huet trotzdeem d’Propos fir eng provisoresch Wafferou verworf. En hat scho virdrun eege Conditioune fir en Enn vum Krich op den Dësch geluecht. Den UNO-Sécherheetsrot stëmmt dësen Dënschdeg iwwer eng Resolutioun, déi den Deblockage vun der Strooss vun Hormuz freet of, mee den Text ass schonn immens verwässert ginn.

Antëscht huet d’israeelesch Arméi net gewaart an den Iran an der Nuecht op en Dënschdeg nees bombardéiert: Explosioune wieren zu Teheran an an der Ëmgéigend vun der Haaptstad gehéiert ginn. Se huet awer och eegenen Aussoen no iranesch Missillen an Dronen ofgeschoss.

Dat alles berouegt d’Finanzmäert an d’Pëtrolspräisser net. De Brent gouf um Dënschdeg de Moie fir iwwer 111 US-Dollar de Barrel gehandelt.

Back to Top
CIM LOGO