Duerchbroch a Verhandlungen net a SiichtD'Welthandelsorganisatioun WTO wäert esou séier nach net reforméiert ginn

Céline Eischen
Ännerungen a Saache Kompetitivitéitsverzerrungen an Iwwerproduktioune goufe gefuerdert.
De Sëtz vun der WTO zu Genf.
De Sëtz vun der WTO zu Genf.
© FABRICE COFFRINI / AFP

D’Welthandelsorganisatioun WTO wäert wuel esou séier nach net reforméiert ginn: Wéi d’Nochrichtenagence Reuters aus Diplomatekreesser gewuer ginn ass, ass een Duerchbroch vun de Verhandlungen am Kader vun der aktueller Minister-Konferenz am Kamerun net a Siicht.

Wéinst dem Wirtschaftswuesstem vu China haten ënnert anerem déi Europäesch Länner Ännerungen a Saache Kompetitivitéitsverzerrungen an Iwwerproduktioune gefuerdert.

D’WTO ass zanter Joren an hirer Aarbecht blockéiert, ënnert anerem well d’USA d’Nominatioun vun neie Riichter an d’Appellgeriicht vun der Organisatioun blockéieren.

Back to Top
CIM LOGO