
Den iraneschen Ausseminister Abbas Aragtschi sot e Freideg, dass een oppe fir chineesesch Hëllef wier, fir de Konflikt mat den USA an Israel op en Enn ze bréngen. "Mir sinn dankbar fir all Land, dat d'Méiglechkeet huet, fir ze hëllefen, besonnesch fir China", sou den Aragtschi um Bord vun engem Treffe vu de BRICS-Länner a Freideg an der indescher Haaptstad Nei-Delhi.
Et hätt ee gutt Relatioune mat China an eng strateegesch Partnerschaft mateneen. Et wéisst een, dass China gutt Intentiounen hätt, also wier alles, wat d'Land kéint maachen, dir der Diplomatie ze hëllefen, gär gesinn.
Weiderhi sot den Aragtschi, dass d'iranesch Regierung Messagë vun der Trump-Regierung hätt, déi géifen undeiten, dass den US-President gewëllt wier, d'Diskussiounen iwwert en Enn vum Konflikt weiderzeféieren.