IstanbulEen Doudegen a véier Blesséierter no Schëss virum israeelesche Konsulat

RTL Lëtzebuerg
Wéi verschidde Medie mellen, gouf et virum israeelesche Konsulat an der tierkescher Metropol Istanbul eng Schéisserei.

Der tierkescher Staatstëlee no goufen dobäi zwee Poliziste blesséiert, si wiere vun dräi mat Gewierer arméierte Verdächtegen attackéiert ginn, déi camoufléiert waren a Rucksäck gedroen hätten. Ee vun hinne goufen erschoss, déi zwee aner wiere blesséiert ginn, heescht et weider. Tierkesch Medien haten uganks nach zwee doudeg Ugräifer gemellt. Wéi d’AFP vun enger Police-noer Source gewuer ginn ass, géif sech den Ament keen israeeleschen Diplomat op tierkeschem Territoire ophalen. D’Attack war en Dënschdeg am Virmëtteg am Istanbuler Quartier Levent am Staddeel Besiktas geschitt.

Back to Top
CIM LOGO