Nei Hëllefsflott fir d'GazasträifIsrael fänkt op en Neits Booter of, nees Lëtzebuerger Residenten dobäi

RTL Lëtzebuerg
Israel huet schonn nees Dosende Booter vun enger Hëllefsflott fir d'Gazasträif ofgefaangen an Aktivisten u Bord festgeholl, dorënner och zwee Lëtzebuerger Residenten.
Déi nei Hëllefsflott fir d'Gazasträif ass en Donneschdeg de 14. Mee 2026 an der Tierkei gestart.
Déi nei Hëllefsflott fir d'Gazasträif ass en Donneschdeg de 14. Mee 2026 an der Tierkei gestart.
© MURAT KOCABAS/Middle East Images via AFP

D'israeelesch Marinn huet op en Neits Booter vun der internationaler Gaza-Hëllefsflott gestoppt. Dat an internationale Gewässer, westlech vun Zypern, ronn 250 Séimeile vu Gaza ewech. Gestart waren déi ronn 50 Booter en Donneschdeg am Südweste vun der Tierkei.

Zil vun der Flott wier et eegenen Aussoen no Hëllefsgidder laanscht déi israeelesch Blockad an d'Gazasträif ze bréngen. Den Aktivisten no hunn d'israeelesch Zaldote matten am Dag dat éischt Boot ofgefaangen. D'Organisateure schwätze vun enger israeelescher Attack a reprochéiert Israel "Verstéiss géint dat internationaalt Séirecht an d'Entféierung vu friddlechen Zivilisten". Hinnen no wieren eng 400 Leit festgeholl ginn. Dorënner sollen och zwou Persoune sinn, déi zu Lëtzebuerg wunnen. Wou dës Leit elo sinn, wier net gewosst.

Israel verdeedegt den Asaz a schwätzt vu Provokatioun. Si hätten de "béiswëllege Plang" gestoppt, d'Blockad géint d'"Hamas-Terroristen a Gaza" ze duerchbriechen, esou de Ministerpresident Benjamin Netanjahu e Méindeg.

Back to Top
CIM LOGO