
No enger zwou Stonne laanger Renconter war zu Washington vu “konstruktive Gespréicher” rieds tëscht Vertrieder vun Israel a Libanon. Et waren déi éischt direkt Verhandlungen zanter méi wéi 30 Joer, an et kéinten net déi lescht bleiwen. Den israeeleschen Ambassadeur an den USA Yechiel Leiter huet vun engem “wonnerbaren Austausch” geschwat.
Den US-Ausseminister Marco Rubio hat vun engem “historescher Chance” geschwat, datt béid Länner rëm kéinten eens gi mateneen an an engem dauerhafte Fridde liewe kéinten. Dofir bräicht et allerdéngs Zäit, sou den US-amerikanesche Chefdiplomat. D’Ausseministeren aus 17 Länner hate béid Säiten zu enger Eenegung opgeruff.
Un de Verhandlungen am US-Ausseministère huet nieft dem Leiter déi libaneesesch Ambassadrice an den USA Nada Hamadeh Moawad deelgeholl. Un der Säit vum Marco Rubio souzen den Ambassadeur am Libanon Michael Issa an de stännege Vertrieder vun den USA bei der UNO Mike Waltz.
Virun de Gespréicher hat Israel erkläert, si wiere bereet fir Fridden an eng Normaliséierung vun de Bezéiunge mam Nopeschland Libanon. Bei den Ziler vun de Verhandlunge war ee sech allerdéngs net eens. Déi libaneesesch Presidence wollt iwwert eng Wafferou tëscht Israel an der Hisbollah verhandelen. Israel hat dat awer ausgeschloss a fir d’éischt en Desarmement vun der vum Iran finanzéierter Miliz gefuerdert, déi net un de Gespréicher deelgeholl huet.
D’Hisbollah hat kuerz virun der Renconter zu Washington bekannt ginn, datt si am Norde vun Israel 13 Stied attackéiert hätt. Leschte Mëttwoch hat déi israeelesch Arméi nom Accord iwwert eng Wafferou tëscht den USA an dem Iran hir Ugrëffer op d’Stellunge vun der Miliz verstäerkt. Israel a Libanon ënnerhale keng formal diplomatesch Bezéiungen a befanne sech formell zanter 1948 am Krichszoustand.