FrankräichEng Millioun Kanner sollen eng kleng Vakanz vum Staat finanzéiert kréien

RTL Lëtzebuerg
Dës Offer ass geduecht fir Kanner, déi aus finanziell méi aarme Famille kommen.

Konkret solle 400.000 Kanner de Summer iwwer vun oppene Schoule profitéieren, wou si Nohëllefscourse kréien, mä och kulturell a sportlech Aktivitéite wäerte maachen.

50.000 Kanner sollen d’Geleeënheet kréien op d’Land oder un d’Mier ze reesen.

Weider 250.000 Kanner sollen an d’Kolonie fueren a fir 300.000 Kanner solle Vakanzenaktivitéiten organiséiert ginn.

Dat Ganzt léisst sech d’Regierung ronn 200 Milliounen Euro kaschten.

Back to Top
CIM LOGO