GroussbritannienZuel u Migranten am Äermelkanal an éischter Hallschent vum Joer erofgaangen

AFP, iwwersat vun RTL
Zanter Jore probéiere Migrante vun de Küste vu Frankräich aus iwwer den Äermelkanal a Groussbritannien ze kommen. An de leschte sechs Méint ass d'Zuel awer erofgaangen.
Die Zahl der Migranten, die Großbritannien über den Ärmelkanal erreichen, ist in der ersten Jahreshälfte 2026 stark gesunken. Die Anzahl der Ankünfte lag in den ersten sechs Monaten des Jahres um 41 Prozent niedriger als im Vorjahreszeitraum.
Mat Schlaubooter probéiere vill Migranten iwwer den Äermelkanal a Groussbritannien ze kommen.
© AFP/Archiv

D'Zuel u Migranten, déi Groussbritannien iwwer den Äermelkanal erreechen, ass an der éischter Hallschent vum Joer 2026 staark erofgaangen. D'Unzuel vun den Arrivéeë louch an den éischte sechs Méint vum Joer ëm 41 Prozent méi niddreg wéi am selwechten Zäitraum dat Joer virdrun. Dat weisen Zuele vum britteschen Inneministère, déi e Mëttwoch publizéiert goufen. Deemno koumen tëscht Januar a Juni 11.884 Leit un, zejoert waren et nach 19.982.

D'Arrivéeë louchen 2026 ausserdeem ënnert den 13.498 am éischten Hallefjoer 2024. Deemools waren déi konservativ Tories a Groussbritannien un der Spëtzt. Déi aktuell Labour-Regierung dierften déi rezent Zuele freeën. Ënner dem Premier Keir Starmer huet Groussbritannien seng Migratiouns- an Asylpolitik erhieflech verschäerft. Domat reagéiert d'Regierung op staark Ëmfrowäerter vun der rietspopulistescher Partei Reform UK.

Déi brittesch Regierung huet e puer Ofkommesse mat anere Länner ënnerschriwwen, fir d'Zuel u Migranten, déi iwwer den Äermelkanal a Groussbritannien awanderen, ze limitéieren. Am Abrëll hate Frankräich a Groussbritannien eng nei Versioun vun hirem Ofkommes fir de Kampf géint déi irregulär Migratioun iwwer den Äermelkanal decidéiert. London huet Paräis ëmmer nees reprochéiert, ze mann dogéint ze maachen, datt Migrante vun de franséische Küsten aus iwwer den Äermelkanal a Richtung Groussbritannien starte kënnen.

Back to Top
CIM LOGO