NATO-Sommet an der TierkeiEuropa a Kanada gi mëttlerweil 4 Prozent vum PIB fir Verdeedegung aus, esou de Mark Rutte

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg ass den Optakt vum NATO-Sommet an der Tierkei, wou et virop ëm de Krich an der Ukrain geet, ma och ëm déi 5-Prozent vum PIB, déi d'Länner fir hir Verdeedegung mussen ausginn.
De Mark Rutte um Méindegowend an der Tierkei. D'Memberstaate géife grouss Efforte maachen.
De Mark Rutte um Méindegowend an der Tierkei. D'Memberstaate géife grouss Efforte maachen.
© ALTAN GOCHER/Hans Lucas via AFP

Déi geopolitesch Weltlag bleift weider ugespaant, mam Krich an der Ukrain, dem Krich am Mëttleren Osten an enger NATO, déi ëmmer nees vum US-President Donald Trump verbal attackéiert gëtt.

Sinn d'USA nach en zouverlässege Partner? Dat nëmmen eng vun de Froen, déi an den nächsten Deeg zu Ankara diskutéiert ginn. Wat de Budget vun der NATO ugeet, fuerdert Washington méi Asaz vun de Partner. Um Méindegowend sot den NATO-Generalsekretäre Mark Rutte, dass d’Europäer a Kanada mëttlerweil 4 Prozent vun hirem PIB an d’Defense an an d’Sécherheet investéieren.

Hien geet dervun aus, dass all Memberstaat um Dënschdeg a Mëttwoch glafwierdeg Pläng wäerte virstellen, wéi een déi uviséiert 5 Prozent an den nächste Jore wëll erreechen.

Fir Lëtzebuerg gëllt den RNB, d’Brutto-National-Akommes. Bis 2035 soll de Grand-Duché 1,5 Prozent vum RNB a seng Resilienz an 3,5 Prozent a Militär-Capacitéiten investéieren. Hei steet d’Trajectoire bis 2029, bis dohinner sollen 2,3 Prozent an d‘Verdeedegung fléissen. Dat sinn 1,66 Milliarden Euro pro Joer.

Back to Top
CIM LOGO