
E staarke "Super Taifun" huet e Méindeg d'US-Pazifikinsele Guam an d'Nördlech Marianen getraff a fir grouss Schied gesuergt. Et koum deels zu Ausfäll bei Stroum a Waasser, Blesséierter goufen awer bis ewell keng gemellt.
Op Guam sinn och gréisser US-Standuerter betraff, esou d'Autoritéiten.
Déi kleng Insel Rota huet allerdéngs dat schlëmmst ofkritt. Den Taifunmam Numm "Bavi" huet hei mat Wandvitesse vun ëm déi 290 km/h ageschloen, dobäi goufen eng Rei Beem a Stroumleitunge futti gemaach, och d'Waasserversuergung ass zesummegebrach.
"Am Moment ass op der ganzer Insel weder Stroum, nach Waasser, nach funktionéiert d'Mobilfunknetz", sou en Awunner vis-à-vis vu Journalisten.
D'Rettungsdéngschter an och d'Aarbechter vum Stroossebau sinn nach ëmmer am Asaz, fir d'Weeër fräi ze maachen, sou datt d'Secouristen iwwerhaapt kënnen erausfueren an op Noutfäll reagéieren. Och si stinn nach ëmmer ouni Stroum a Waasser do.
Op den anere betraffenen Inselen sinn den Autoritéiten no d'Schied awer manner schlëmm wéi nom Super Taifun "Sinkalu", deen am Abrëll duerch d'Regioun gezunn ass.