
De Sommet zejoert zu Den Haag war een historeschen. No jorelaanger Demande vun den USA an enge sëllege Menacen a Beleidegunge vum President Trump hunn d’Membere vun der Transatlantescher Verdeedegungsallianz sech zu enger Hausse vun hirem Defense-Budget vun 2 Prozent op 5 Prozent vum PIB engagéiert. Fir Lëtzebuerg iwwerdeems gëllt den RNB, d’Brutto-National-Akommes. Bis 2035 soll de Grand-Duché 1,5 Prozent vum RNB a seng Resilienz an 3,5 Prozent a Militärcapacitéiten investéieren. Hei steet d’Trajectoire bis 2029. Bis dohinner sollen 2,3 Prozent an d‘Verdeedegung fléissen. Dat sinn 1,66 Milliarden Euro.
Mer hunn eis mat der Défenseministesch Yuriko Backes am Virfeld vum NATO-Sommet des Woch ënnerhalen.
Doriwwer eraus wëll d’Regierung sech awer elo net festleeën, wéi dëst Zil bis 2035 soll erreecht ginn. "Dat Zil, dat bleift. Dozou hu mir eis engagéiert", confirméiert d’Yuriko Backes. "Fir eis war et wichteg, elo mol eppes, déi éischt Schrëtt, déi och misse kredibel sinn, déi misse realistesch sinn. 2029 wäert d'NATO och eng Midterm review maachen. 2029 wäerten och nei NATO-Ziler nees festgeluecht ginn. 2028 wäerte mer och Walen an eisem Land nees hunn.”
Deem wéilt een net virgräifen. Ausserdeem bräicht alles seng Zäit, ënnersträicht d’Verdeedegungsministesch. “Do muss och d'Industrie nokommen. Mir mussen Allianzen hunn. Mir misse Partnerschafte maachen, fir dass déi Investissementer, déi mir misse maachen, déi mer wäerte maachen, dass dat gutt organiséiert ass, gutt preparéiert ass. Dat kann een net iwwerstierzen. Do muss ee sech och déi néideg Zäit ginn.”
Eppes wat der Yuriko Backes och wichteg ass, ass de wirtschaftleche Retour an och dat wier net vun haut op muer ze maachen.
Ëmmer nees stellt den US-President Donald Trump d’NATO a Fro, bemängelt d‘Efforte vun den Alliéierten a reprochéiert, keng Ënnerstëtzung am Krich géint den Iran kritt ze hunn. Trotz all deem an der Annonce vun den USA, manner an d’NATO ze investéieren an Truppen a Rakéiten aus Europa ofzezéien, gesäit d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes déi transatlantesch Relatioun net a Gefor. "Ech mengen et ass gewosst, dass d'Amerikaner sech wëlle lues a lues aus Europa zréckzéien. Si hunn aner Prioritéiten. Dat ass keng News. Dat wësse mer scho méi laang. Mee mir bereeden eis jo och scho méi laang elo op déi nei Realitéit vir. Mir als Europa missen eis besser opstellen. Mir kënnen eis net op d'Amerikaner verloossen."
Mee de Lien innerhalb vun der NATO-Allianz zu Amerika, zu Nordamerika, wou och Kanada dozou gehéiert, dee géif weesentlech bleiwen. D’USA an Europa hätten all Interêt, zesummen ze schaffen. Europa awer och fir méi onofhängeg ze ginn.
"Do gehéiert natierlech dann och eng staark Industrie dozou. Déi muss sech och emol nach fannen a muss opgebaut ginn. Dass mir kënnen déi Investissementer, déi mir misse maachen, och an Europa maachen, dass mer manner dépendant si vun den Amerikaner."
Nieft de Relatioune mat den USA an der Ënnerstëtzung vun der Ukrain, wäert et um Sommet zu Ankara virop drëms goen, de Point ze maachen, wéi d’Memberlänner mat hiren erhéichten Defense-Investissementer zu den NATO-Capacitéite bäidroen.
Am Hausaufgabebichelchen huet Lëtzebuerg och de Kaf vu Rakéiten- a Loftofwier stoen. "D’Negociatioune lafen op Héichtouren“, seet d’Yuriko Backes. An den nächste Méint solle Propositiounen un d’Regierung gemaach ginn an duerno d’Chamber matagebonne ginn.
2030 da soll de bi-nationale Batailloun mat der Belsch stoen. 300 Leit mussen heifir rekrutéiert ginn. Wéi fir d‘Zaldoten haut schonn, wëll een och fir méi héich Karriäre verschidde Krittären upasse fir dat néidegt Personal ze fannen. "Fir de Bataillon bi-national, mee och fir dat deployabelt Militärspidol, brauche mer zum Beispill medezinescht Personal. Do si mer hei zu Lëtzebuerg relativ limitéiert, dat heescht do wëlle mer dat awer zum Beispill opmaache fir EU-Matbiergerinnen a Matbierger."
Bis 2055 sinn 2,6 Milliarden Euro virgesi fir Gefierer vun dësem Batailloun ze kafen. Zu Arel, awer och zu Suessem bei der WSA sollen Infrastrukture gebaut ginn, fir dës Militärgefierer ze stockéieren an ze ënnerhalen. An Zäite wou ee Krich ouni Dronen net méi denkbar ass, wäert och de Grand-Duché a méi schwéier arméiert Dronen investéieren.
Defense, Security and Resilience Bank, esou heescht déi nei Bank, déi op Initiative vum Kanada, awer och Lëtzebuerg an anere Länner gegrënnt gouf. Dat wär ee Moyen fir haaptsächlech klengen a mëttelgroussen Entreprisen Accès zu Finanzementer ginn, erkläert d’Yuriko Backes. D’DSR Bank wär komplementar zur Europäescher Investitiouns Bank BEI. Dës kéint net alles ofdecken, wat vu militäresche Capacitéite gebraucht géif.
"Wat fir eis natierlech och wichteg ass, dass Entreprisen och zesummefannen, zesummeschaffen. Wat wichteg ass, dass Interoperabilitéit och bei der europäescher Waffenindustrie méiglech ass. Wou mer haut nach net esou opgestallt sinn, wéi et am Fong gutt wär. An ech mengen esou eng Bank kann och dozou contribuéieren.“
D’DSR Bank wäert hire Sëtz a Kanada hunn, op d'Finanzplaz Lëtzebuerg soll den europäesche Siège kommen.