Grousse Coup vun InterpolMéi wéi 1.000 Festname wéinst Mënschenhandel op véier Kontinenter

AFP
Der Interpol ass e grousse Coup géint de weltwäite Mënschenhandel gelongen. Bannent fënnef Deeg konnten an 59 Länner méi wéi 1.000 Persoune festgeholl ginn
In einem Schlag gegen internationale Netzwerke von Menschenhändlern hat die Polizei aus 59 Ländern mehr als tausend Menschen auf vier Kontinenten festgenommen. Koordiniert wurde die Aktion von Interpol, Europol und der Grenzschutzagentur Frontex.
© AFP/Archiv

Bei engem grousse Coup géint international Netzwierker vu Mënschenhändler huet d'Police aus 59 Länner méi wéi 1.000 Persounen op véier Kontinenter festgeholl. D'Festname sinn der internationaler Policeorganisatioun Interpol no an Afrika, Amerika, Europa an Asien bannent fënnef Deeg gemaach ginn. D'Aktioun mam Numm "Global Chain" gouf vun den Autoritéiten a Rumänien an Éisträich ausgefouert a vun Interpol, der europäescher Policeautoritéit an der EU-Grenzschutzagence Frontex koordinéiert.

Am Ganze goufe vun Interpol méi wéi 2.000 Affer identifizéiert, déi zur Prostitutioun gezwongen oder op aner Kontinenter fir ze schaffe geschéckt goufen, wou si entweder heeschen oder sech u kriminell Handlunge bedeelege missten.

D'Majoritéit vun den Affer aus 45 Länner koum aus Argentinien, Kolumbien, Venezuela, Moldau an Nepal. Zéng Prozent waren den Donnéeën no mannerjäreg. D'Täter hunn hir Affer geziilt ënner vulnerabele Gruppen erausgesicht a si getäuscht oder dozou gedrängt, fir datt si aus anere Länner ausreese géifen.

Sou gouf a Brasilien beispillsweis en internationaalt Netzwierk opgedeckt, dat Mënschen a Kambodscha geschéckt huet an do fir d'Aarbecht a speziellen Zentre fir Online-Bedruch gezwongen hunn. An der Belsch hunn Ermëttler 17 Verdächteger festgeholl, déi mannerjäreg Meedercher an Online-Netzwierker rekrutéiert an dann zur Prostitutioun an der Belsch an a Frankräich gezwongen hätten.

Mënschenhandel ass nach ëmmer eng vun der lukratiivster Form vu Kriminalitéit weltwäit, huet Interpol erkläert. All Joer géifen domat illegal Milliarden-Ëmsätz gemaach ginn, wärend d'Affer mat schwéieren an dauerhafte Suitten ze kämpfen hätten, heescht et weider.

Back to Top
CIM LOGO