National Resilienzstrategie Wéi soll a wëll Lëtzebuerg sech géint Katastrophe-Risike schützen?

RTL Lëtzebuerg
Eng geziilt Ëmfro gouf fir d'Regierung gemaach, déi weider un hirer nationaler Resilienzstrategie schafft.
© Pedro Venancio

Enger Ilres-Ëmfro no halen d'Residentë Cyberattacken, Iwwerschwemmungen an eng extrem Meteo fir déi warscheinlechst Katastrophen-Risiken, déi sech zu Lëtzebuerg kënne realiséieren. Hirer Aschätzung no hätten eng Finanz- a Wirtschaftskris oder en Atomaccident awer nach méi grav Konsequenzen, wéi eng Cyberattack. D'Ëmfro gouf fir d'Regierung gemaach, déi weider un hirer nationaler Resilienzstrategie schafft.

De Premier Luc Frieden sot e Mëttwoch bei der Virstellung vun de Resultater: "Zesummen als Gesellschaft si mer besser opgestallt, wa mer gutt preparéiert sinn. An dofir wäerte mer och an der Rentrée am September, am Oktober als nächste Schrëtt e Guide 'Let's prepare' rausginn, fir mat ganz praktesche Recommandatiounen de Leit ze soen, wat se, jee no wat fir enger Situatioun, solle maachen. Dat ass dann eppes, wat ee grëffbereet kann hunn a soll hunn, fir sech ze preparéieren op verschidden Zenarioen. Resilienz ass also net nëmmen eng Aufgab vum Staat, mee et ass och eng Aufgab vu jiddwer eenzelen."

Dora sollen d'Stéit Instruktioune kréien, wat se brauchen, fir am Krisefall 72 Stonnen ouni Hëllef, autark iwwerliewe kënnen. Ausserdeem soll et beim Bau vun ëffentlechen Infrastrukturen an Zukunft e "Resilienzbonus" ginn. Zum Beispill, wa nei Sportshalen esou gebaut ginn, datt se am Krisefall Leit do kënne logéieren. Also mat Kichen a Feldbetter ekipéiert ginn.

Résultats de l’enquête nationale sur la perception des risques et menaces au Luxembourg.pdf

Back to Top
CIM LOGO