Westrussesch GrenzregiounEx-Gouverneur vu Kursk wéinst Korruptiounsvirwërf zu 14 Joer Stroflager verurteelt

AFP
Wéinst Korruptiounsvirwërf ass ee fréiere Gouverneur vun der westrusssescher Grenzregioun Kursk zu 14 Joer an engem russesche Stroflager verurteelt ginn.
Wegen Korruptionsvorwürfen ist ein früherer Gouverneur der westrussischen Grenzregion Kursk zu 14 Jahren Straflager verurteilt worden. Die Ukraine hatte 2024 Teile der Region erobert.
Wéinst Korruptiounsvirwërf ass ee fréiere Gouverneur vun der westrusssescher Grenzregioun Kursk zu 14 Joer an engem russesche Stroflager verurteelt ginn.
© Service de presse unifié du système judiciaire de la région de Koursk/AFP

Géint den Alexej Smirnow gouf och eng Geldstrof vu 400 Millioune Rubel (ëmgerechent iwwer 4,3 Milliounen Euro) verhaangen, wéi dat zoustännegt Geriicht zu Kursk e Méindeg matgedeelt huet.

De Smirnow soll am Zesummenhang mat der Verdeelung vun ëffentlechen Opträg fir de Bau vu Verdeedegungsanlagen zesumme mat zwee Komplizen eng Bestiechung vun ëmgerechent méi wéi 216.000 Euro kritt hunn. Dem Geriicht no huet den Ex-Gouverneur sech schëlleg bekannt.

D'Ukrain hat am August 2024, wou de Smirnow Interimsgouverneur war, bei enger Offensiv zu Kursk grouss Gebitter vun der Regioun kënnen anhuelen. D'ukrainesch Truppe goufen am Fréijoer 2025 nees zeréckgedréckt. Déi russesch Arméi gouf dobäi vun Dausenden nordkoreaneschen Zaldoten ënnerstëtzt.

De Smirnow war am September 2024 matten an der ukrainescher Offensiv zum Gouverneur ernannt ginn, war am Dezember drop allerdéngs zeréckgetrueden. E gouf schliisslech am Abrëll 2025 festgeholl.

Russland huet eng grouss Anti-Korruptiounscampagne géint politesch a militäresch Verantwortlecher an der Regioun gestart, deene virgeworf gëtt, den ukrainesche Virmarsch net verhënnert ze hunn. Dem Smirnow säi Virgänger als Gouverneur, de spéidere Verkéiersminister Roman Starowoit, huet sech d'lescht Joer suicidéiert. Hien hat kuerz virdru säi Minister-Poste verluer a sollt de Gerüchter no wéinst Korruptioun festgeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO