
De rietsgeriichten Affekot Abelardo de la Espriella an de lénke Senator Ivan Cepeda wäerte bei de Presidentiellen a Kolumbien an d'Stéchwal goen. Nom éischten Tour war den de la Espriella e Sonndeg op 44 Prozent vun de Stëmme komm, wärend 41 Prozent fir de Cepeda waren.
Well kee vu béide Kandidaten déi néideg Majoritéit vu méi wéi der Hallschent vun alle Stëmmen hat, wäert et den 21. Juni zum Ballotage kommen. Do wäert sech entscheeden, wien de Successeur wäert gi vum Gustavo Petro, dee laut Verfassung net nach emol huet dierfen untrieden. De Petro ass den éischt lénksgeriichte President an der Geschicht vu Kolumbien.
Déi rietsgeriichte Senatorin Paloma Valencia hat manner wéi siwe Prozent vun de Stëmme kritt a louch domat däitlech hannert den zwee Spëtzekandidaten. Den de la Espriella, dee sech selwer als "Tiger" bezeechent an den Donald Trump säi Virbild nennt, hat méi staark ofgeschnidde wéi erwaart. Hie wéilt als President mat der Ënnerstëtzung vum US-Militär géint arméiert Gruppéierungen a sengem Land virgoen, sou den de la Espriella an engem Interview virun de Walen. Iwwerdeems géing den Cepela um Petro senger Linn wëlle bleiwen a Friddensgespréicher féieren.
Wärend dem Petro senger 4 Joer laanger Amtszäit ass de Chômage a Kolumbien staark erofgaangen an de Mindestloun ëm 75 Prozent an d'Luucht gaangen. Mee trotz Verhandlunge mat Guerilla- an paramilitäresche Gruppen am Land huet sech d'Sécherheetslag däitlech verschlechtert. Och wärend der Wal ass et zu etleche gewalttätegen Aktioune vun Onbekannte komm.