
De franséische Pharmakonzern Sanofi huet en Dënschdeg annoncéiert iwwer 600 Milliounen Euro fir d’Fuerschung an d’Produktioun vun Impfstoffer z’investéieren. De Staatschef Emmanuel Macron huet en Dënschdeg bei der Visitt am Sanofi-Sëtz zu Marcy l’Etoile an der Géigend vu Lyon gesot, dass dëst d’Onofhängegkeet vu Frankräich géif sécheren.
Fir ronn eng hallef Millioun Euro plangt Sanofi de Bau vun enger neier Impfstoff-Produktiounsfirma zu Neuville-sur-Saône. Dës Firma soll d’Versuergung vu Frankräich an Europa am Fall vun enger neier Pandemie garantéieren. Eng 200 Aarbechtsplazen sollen entstoen, 120 Milliounen Euro sollen an d’Fuerschung fléissen.
De President Macron huet betount, dass dat am Kampf géint de Coronavirus eng wesentlech Hëllef wier. Och d’Produktioun vu bestëmmte Medikamenter wéi Paracetamol soll nee a Frankräich verlagert ginn.
