De franséische President Emmanuel Macron mécht déi pro-iranesch Hisbollah-Miliz responsabel fir d'Attack op d'Blohelmzaldoten am Süde vum Libanon. Wärend déi libaneesesch Regierung annoncéiert huet, "d'Ugräifer zur Verantwortung ze zéien", goung d'Hisbollah mat Bléck op weider Verhandlunge mat Israel däitlech op Konfrontationskurs an huet all Responsabilitéit vu sech gewisen.
Den Emmanuel Macron huet am Bezuch op d'Unifil-Missioun am Libanon erkläert, datt Frankräich déi libaneesesch Autoritéiten opfuerdert, "d'Täter direkt festzehuelen an zesumme mat der Unifil hir Responsabilitéit wouerzehuelen". D'Autoritéite missten ausserdeem "alles maachen, fir d'Sécherheet vun den Unifil-Zaldoten ze garantéieren", heescht et an enger Erklärung vum Elysée. D'Blohelmer dierften "ënnert kengen Ëmstänn zur Zilscheif ginn".
Och de libaneesesche President Joseph Aoun huet d'Attack verurteelt a juristesch Schrëtt zougeséchert. Déi franséisch Verdeedegungsministesch Catherine Vautrin huet op X vun engem "Hannerhalt" geschwat. Hir no gouf de Fransous "duerch en direkte Schoss" ëmbruecht. Hie war deemno am Asaz, fir e Wee zu engem UN-Poste fräizemaachen, "deen zanter e puer Deeg duerch d'Kämpf an der Regioun isoléiert war".
Den Hannerhalt wier "vun enger arméierter Grupp aus kuerzer Distanz" geschitt, huet d'Vautrin erkläert. Donieft huet si betount, datt de franséische Blohelmzaldot vu senge Komeroden "ënner Beschoss gebuerge" gi wier.
De libaneesesche Regierungschef Nawaf Salam huet "déi haiteg Attack op Membere vum franséischen Unifil-Batallioun op d'Schäerfst" verurteelt. Hien hätt "Uweisunge fir eng direkt Enquête ginn, fir d'Ëmstänn vun dëser Attack opzeklären an d'Ugräifer zur Verantwortung ze zéien". Der libaneesescher Arméi no koum et beim Virfall zu engem "Schosswiessel mat Kämpfer".
D'Unifil huet vun enger "virsätzlecher" Attack geschwat. D'UN-Missioun huet erkläert, datt de Beschoss enger vun den éischten Aschätzungen no "vun net-staatlechen Acteuren ausgoung". "Warscheinlech" géing et sech ëm d'Hisbollah handelen. D'Regierung misst d'Täter "zur Recheschaft zéien".
D'Hisbollah weist an enger Erklärung all "Verbindung zu der Attack" géint d'Unifil zréck a warnt viru verfréiten Urteeler, esou laang d'Ermëttlunge vun der libaneesescher Arméi nach lafe géingen. D'Miliz wéilt och net un de Gespréicher tëscht dem Libanon an Israel deelhuelen. D'Hisbollah wier "net un de vum Staat gefouerte Verhandlungen interesséiert". D'Gespréicher tëscht dem Libanon an Israel wieren e "Feelschlag, schwaach, gescheitert".